Radioen

On air

Notturno  |  Bobby Lee - Reds For A Blue Planet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Meeschter vu fléissender Klangmanipulatioun

Art Feynman - Half Price at 3​:​30

De Meeschter vu fléissender Klangmanipulatioun

Wann hien den Numm Art Feynman unhëlt, gëtt den amerikanesche Folkmuseker Luke Temple zum Guerilla Recorder, liest een op der Säit vu sengem Label Western Vinyl. Een deen op eege Fauscht Musek mécht, also, dee mat klenge Waffe kämpft, an op speziellem Terrain.

auto_stories

3 min

Op der neier Plack "Half Price at 3:30", dem Amerikaner senger drëtter ënner dësem Numm, ass hien allerdéngs op sengem eegene Wee. Datt trotz allen Experimenter an Ongewéinlechkeeten dach accessibele Pop derbäi erauskënnt - scheinbar onverhofft - huet him de Verglach mat Aussesäiter wéi Arthur Russell oder Harry Nilsson abruecht.

Beim Beschreiwe vum Luke Temple alias Art Feynman eng Hellewull aner Museker ze namedroppen, ass hoffentlech just op d'Raritéit vun esouvill Eegenaart zeréckzeféieren - well hie kléngt net, wéi dës aner Museker.

Als Art Feynman leet de Luke Temple de Minimalismus vum Folk of a mécht sech dem Orchestralen a Syntheteschen op.

Schonn "The Secret Life of Marylin", deem Track, dee virun zwee Méint d'Erauskomme vun der neier Art Feynman Plack annoncéiert hat, huet de Feynman/Temple als Meeschter vu fléissender Klangmanipulatioun ausgezeechent.

De Vocal schafft mat duebeler Expressioun, eng am Moment vum Take, an eng zweet, déi mat elektroneschem Pitch agräift, fir eng Aart schwiewende Stëmmsolo an der Mëtt vum Track ze schafen. D'Melodie gëtt da spéider vun engem Flütteklang weidergedroen, dee ganz tatsächlech net vun dëser Welt ass, an hallef digital Originne matbréngt.

Drumcomputere lafen hannendrun - wéi bei de Cars - melancholesch an dreiwend hire Wee, a melodesch Linnen treffe sech op déi glécklechst Aart a Weisen, wéi wann et en Zoufall gewiescht wier. Polyrhythmie ass de Schlëssel. Et ass schéin, wéi d'Songs op dëser Plack d'Spuere vun hirem Zesummekomme verstoppen. Arrangement a Kompositioun, d'Linn an hire Sound verschmëlzen a ginn eent.

Den Album beweist Finess an all Couchë vu sengem Entstoen: de Songwriting, scheinbar bäileefeg mee mat wellenaarteg opschaimenden Héichpunkter; d'Gittaropnamen a Stëmm-Takes, déi vu bréckeleg a fragil bis staark a resonant goe kënnen; den digitalen Agrëff an dës charmant Opnamen op bedeitungsvoll a verstäerkend Aart a Weis; Bass a Keyboardlinnen, déi sech anenee verstrécke wéi Verléifter.

Den Temple zitt och op dëser Plack den Hutt viru senge musikalesche Léiften, dem afrikaneschen Highlife an dem Art-Pop, ouni seng eegen Atmosphär jeemools ze briechen. Wou d'Debut-Plack nach hei an do am Pastiche Begraff war, ass "Half Price at 3:30" esou treffsécher am Schafe vun Atmosphären, datt een déif vergruewenen Drama aus der scheinbar roueger Musek ervirschéngt. Genee dat Richtegt ... fir d'Luucht- a Schiedspiller vum Summer.