Radioen

On air

Notturno  |  Pino Palladino, Blake Mills - Just Wrong

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Schumann a säi Komerod Burgmüller

Klassik-CD vun der Woch

De Schumann a säi Komerod Burgmüller

De Label Odradek huet en Disk erausgi mam Pianosconcerto vum Robert Schumann an där zweeter Sinfonie vum Norbert Burgmüller. De Pianist Alexander Lonquich wierkt als Pianist an als Dirigent, begleet vum Ensembel Colibrì.

auto_stories

3 min

CD: Schumann - Burgmüller / Alexander Lonquich - Colibrì Ensemble

Label: Odradek ODRCD355

Interpreten: Alexander Lonquich; Piano an Direktioun - Colibrì Ensemble

Wierker:

  • Robert Schumann: Concerto fir Piano en la mineur, opus 54
  • Norbert Burgmüller: Sinfonie Nr. 2 en re majeur, opus 11
Interpretatioun:
Klangqualitéit:

1841 huet de Robert Schumann d'Pianistin Clara Wieck bestuet a fänkt un e Concerto fir Piano ze komponéieren. Fir d'Clara schreift hien e Stéck an engem Saz, eng "Phantasie für Klavier und Orchester", déi privat uropgefouert gouf. Allerdéngs konnt keen Editeur de Schumann dozou beweegen, zwee Mouvementer ze schreiwen, fir datt d'Wierk ee Concerto géif ginn.

Allerdéngs entstinn 1845 zwee weider Sätz, en Intermezzo an e Finale, déi duerch eng Iwwerleedung matenee verbonne sinn.

De Grondgedanke vum Stéck sinn d'Sehnsucht an d'Gléck vun zwee Mënschen. An dësem Fall eng Aart musikalesche Kampf vum Komponist Schumann fir seng Fra Clara Wieck. D'Haaptthema vum éischte Saz gläicht der Melodie vun der Florestan-Arie aus dem Beethoven senger Oper Fidelio.

An och wéi beim Beethoven steet dëst Thema beim Schumann fir Trei a Fräiheetskampf.

D'Clara Schumann schreift heizou no der Uropféierung: "Das Klavier ist auf das feinste mit dem Orchester verwebt. Man kann sich das Eine nicht denken, ohne das andere. [...] Der Pianist ist in diesem Klavierkonzert nicht nur Solist, sondern auch Orchestermusiker".

Norbert Burgmüller

De Robert Schumann an den Norbert Burgmüller sinn allebéid 1810 gebuer an hunn e wichtegen Deel vun hirem Liewen zu Düsseldorf verbruecht.

De Burgmüller koum 1831 op Düsseldorf. Wéinst epileptesche Krise war et him net méiglech, um gesellschaftleche Liewen Deel ze huelen. Säi Stil ass gepräägt vu sengem Léiermeeschter Louis Spohr, vum klasseschem Raffinement, bis zu leidenschaftlech a grouss ugeluechte romantesche Wierker.

Duerch säi Gesondheetszoustand an eng Schreifblokad gouf seng zweet Sinfonie net fäerdeg. Mee de Robert Schumann huet de Scherzo aus dem Burgmüller senger zweeter Sinfonie orchestréiert.

D'Resultat ass e Wierk, dat um Schumann seng "Frühlingssinfonie" erënnert. Mee och Klangflütten, déi déi ongebändegt Muecht vun der Natur zeréckspigelen.

Eng traureg Gemeinsamkeet vum Schumann a vum Burgmüller war, datt si alle béid schwéier krank waren a fréi gestuerwe sinn.

Fazit

Den Disk dréit ronderëm déi zwee Komponiste Schumann a Burgmüller, déi villes gemeinsam hunn, bis op de Fait, datt deen ee bekannt gouf, an deen aneren haut vergiess ass.

D'Verbindung tëscht deenen zwee Komponisten huet de Pianist Alexander Lonquich motivéiert, fir si op een Disk ze bréngen.

De Pianist bréngt et fäerdeg am bekannte Concerto fir Piano, dësen intimen Dialog tëscht Instrument an Orchester erëmzeginn. Doduerch, datt den Orchester net ze grouss besat ass, bleift déi Intimitéit a Form vu Kammermusek fein an delikat erhalen. Am Wierk erliewe mir keng feierlech Kläng, mee Subtilitéit a Form vu méi humorvolle Kläng.

Wien de Burgmüller entdecke wëllt, sollt dës zweet Sinfonie lauschteren, déi och pastoral Iddie vum Beethoven senger sechster Sinfonie enthält. Den Ensembel Colibrì weess de Lyrismus, wéi och leidenschaftlech Passagen, op eng schlicht Aart a Weis eriwwerzebréngen. Spure vu groussem, kommende Romantismus sinn net ze iwwerhéieren.