Radioen

On air

Tockcity  |  Empire of the Sun - Changes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Deen éischte schwaarzen, weiblechen a lesbeschen Headliner vu Glastonbury"

Gespréich mat Skunk Anansie

"Deen éischte schwaarzen, weiblechen a lesbeschen Headliner vu Glastonbury"

Och wa se heiansdo vergiess ginn. Skunk Anansie, eng vun de bekanntesten Alternative Rockbands aus den 90er ass nach ëmmer do. D'Skin an den Ace iwwer Politik, Fraerechter, an d'Entwécklung vun der Museksindustrie an de leschte 25 Joer.

auto_stories

3 min

"I an first black British artist to headline Glastonbury", huet de Rapper Stormzy e Freideg getwittert. "Sorry Stormzy", sou d'Äntwert vu Skunk Anansie op Instagram. Dat hätte si schonn 1999 gemaach.

"Deemools ware mir just eng Rockband", seet d'Skin. Si hätt sech keng Gedanken doriwwer gemaach, ob si déi éischt schwaarz oder weiblech oder lesbesch Headlinerin vum Glastonbury Festival gemaach, well den Debat zu där Zäit net sou intellektuell gewiescht wier.

"Lo kucke mir zeréck, a realiséieren, wat fir erstaunlech Saache mir fäerdeg bruecht hunn." Et géif si frustréieren, datt virun allem d'Press heiansdo géif vergiessen, datt si de Wee fir villes preparéiert hunn. Awer hir Äntwert kéim mat Léift a Respekt, sou d'Skin. "Mir hunn de Stormzy immens gär, hien ass e fantasteschen Artist."

Positioun bezéien

D'USA haten e schwaarze President an d'Me Too-Beweegung huet Fraerechter zeréck an den ëffentlechen Debat bruecht. Huet d'Welt sech an den Ae vun der schwaarzer a lesbescher Artistin verbessert? Eleng déi Fro géif weisen, datt d'Diskussioun besser gi wier, seet d'Skin. Datt ëffentlech iwwer Fraerechter géif geschwat ginn, wier gutt, och fir d'Männer.

Op där anerer Säit géif et awer ëmmer méi Leit um rietse Bord ginn, déi net wéilten, datt homosexuell, transgender oder schwaarz Leit ze vill Muecht hätten. "Déi hunn Opwand a wëllen deen Debat iwwerhuelen." Dofir wier et grad elo wichteg, datt Artiste géife Positioun bezéien.

Entwécklung vun der Museksindustrie

Skunk Anansie hunn d'Museksindustrie um Héichpunkt erlieft, wéi mat Plackeneventen nach Sue gemaach goufen. D'Plackefirmae géifen nach ëmmer Millioune maachen, seet d'Skin. Et géifen Dealer tëschent de Majors an de Streaming-Servicer ginn, bei deene vill Sue fléisse géifen, awer net an d'Täsche vun de Kënschtler. "Den Internet huet et méi einfach gemaach, fir Artisten ofzezocken."

D'Musek u sech hätt sech net verännert, seet de Gittarist Ace. "Wann s de op der Bühn bass, virun engem grousse Publikum, dann denks de net un deng Streaming-Rechter." Et wier wichteg, datt ee sech säin eegent Team géif opbauen. Nëmme sou kéint een authentesch bleiwen.

Op d'90er kucke Skunk Anansie ouni Nostalgie zeréck. Et ass wichteg an der Géigewaart ze liewen, seet d'Skin. An hir nei Lidder wieren déi bescht. D'Liewe besteet aus Erënnerungen, seet den Ace. "Mir hu fir den Nelson Mandela gespillt. Dat war wierklech e wichtege Moment. Datt mir Headliner um Glastonbury Festival waren. Dat si wierklech speziell Erënnerungen, déi een als Mënsch mat sech dréit."


Dat ganzt Gespréich mam Skin an Ace

Lauschterenplay_arrow