Radioen

On air

Tockcity  |  Monster Rally - Adventure

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den 100,7 presentéiert: Anchorsong live bei de Congés annulés

radio 100,7 a Rontonden am Congé

Den 100,7 presentéiert: Anchorsong live bei de Congés annulés

De japanesche Live-Elektroniker Anchorsong spillt de Freideg, 10. August op Invitatioun vum radio 100,7 an de Rotonden, mat de Metzer vun No Drum No Moog am Virprogramm. Am Interview mam Marc Clement erzielt den Asaaki Yoshida, wéi den Anchorsong mam biergerlechen Numm heescht, wat seng Musek speziell mécht, a wéi hien ënner anerem déi traditionell afrikanesch Musek als Inspiratioun entdeckt huet.

auto_stories

5 min

Marc Clement: Du hues e schéine Summerprogramm, mat Festivaldatumen am Vereenegte Kinnekräich, Kroatien, Ungarn, Portugal a Lëtzebuerg. Ass de Freideg déi éischte Kéier, wou s Du op Lëtzebuerg kënns?

Asaaki Yoshida: Nee, et ass meng zweete Kéier. Déi éischte Kéier wou ech op Lëtzebuerg koum, ass elo schonn dräi oder véier Joer hier. Dat war an enger Zort stëllgeluechte Schluechthaus, wann s Du dat kenns?

Jo, genee, zu Esch.

AY: Jo ech mengen do war et. Vläicht ass dat esou guer scho véier oder fënnef Joer hier. Ech mengen, ech hat grad meng éischt Plack erausbruecht.

Deng live Shows sinn eppes zimlech Besonnesches. D'Léift vun denge Fangerspëtzen zu deene Pads op dengem MPC Sampler ginn de Leit een Abléck doranner, wéi deng Musek entsteet, éier se da mat an de Song erageloopt gëtt. Wéi huet deng Liebesaffäre mat dëser Maschinn ugefaangen?

Ech hu fréier ëmmer an enger Band gespillt, mat engem Gittarist an alles, an et huet mir ëmmer Spaass gemaach, live ze spillen. Scho laang virdrun hunn ech live gespillt an dat huet mech motivéiert, meng eege Band ze grënnen. Laang Joren hu mir zesumme gespillt, bis d'Grupp op eemol auserneegaangen ass. Mee ech wollt net just zu engem Producer oder Singer-Songwriter ginn. Ech wollt dat physescht um Spillen net verléieren an awer Solo optrieden. Dofir hunn ech decidéiert, kee Laptop mat op d'Bühn ze huelen. An dunn hunn ech d'MPC als Alternativ entdeckt.

Zanterhier huet de Stil vu menger Musek sech no an no verännert, mee an Terme vu Setup ass et nach ëmmer zimlech d'selwecht, wéi ech domat ugefaangen hunn.

Wéi huet deng Musek sech dann iwwer d'Jore weiderentwéckelt?

Wéi ech ugefaangen hunn eleng ze produzéieren, hunn ech éischter Dance Musek ouni vill Schnickschnack gemaach. Et war Programmatiounsaarbecht, ee Kick an eng Snare erauszesichen an einfach lasszefueren. Mee wat ech méi a méi op dës Aart a Weis Musek gemaach hunn, ass mir ëmmer méi bewosst gouf, wéi eng Musek mir eigentlech gefält, an dat war ëmmer méi dat Organescht, wat bei Live-Musek entsteet. Ech hunn dunn no Méiglechkeete gesicht, Live-Musek a mäin eegene Stil mat anzebannen. Ech hunn ugefaangen, meng Musek an afrikanesch Musek ze iwwersetzen. Am Moment erfuerschen ech déi indesch Musek. Ech probéieren also traditionell Museken a meng elektronesch Produktiounen afléissen ze loossen.

An denger Banddescriptioun nenns Du dech selwer ee modernen Traditionalist. Wat ass et, wat dech un traditionelle Museken esou faszinéiert?

Ech mengen, et ass eng Zort Géigeneffekt. Ech wollt mech mat eppes méi Organeschem, méi Einfachem verbannen. Dat wat s Du traditionell Musek nenns, esou wéi déi afrikanesch Musek zum Beispill, läit am Fong un de Wuerzele vun der haiteger elektronescher Musek. Ech wollt dës fundamental Elementer vun der Dance Musek a mäin eegene Stil mat abezéien.

Du kënns aus Japan. Interesséiert dech déi traditionell Musek vun dengem Heemechtsland och?

Ech si Fan vu japanescher 70s Musek. Mee déi traditionell japanesch Musek war fir de Keeserhaff, sou wéi de Gagaku, oder fir Volleksfester, an déi baut éischter op de Gesang op. Ech hunn dat Feld nach iwwerhaapt net erfuerscht. Mee et weess een ni. Vläicht maachen ech dat enges Daags.

Dat heescht um Concert wäerte mir haaptsächlech afrikanesch an indesch inspiréiert Musek héieren?

Dat indescht Element ass nach zimlech nei fir mech. Ech sinn am Gaangen nei Musek ze schreiwen, an do schéngt dës Iddi ëmmer méi duerch, och wann et nach an engem fréie Stadium ass. Meng lescht Plack baséiert ganz op afrikanescher Musek, an dofir ass mäi momentane Live Set och éischter op dat Konzept ausgeriicht. Mee ech denken, datt ech um Concert dëse Weekend och e puer nei Saache spille wäert, déi dës indesch Inspiratioun schonn a sech droen.

Dat meescht Material wäert da vu "Ceremonial" kommen, deen Album, deen s Du virun zwee Joer erausbruecht hues. D'Plack gouf vill um Radio gespillt a gouf op Radio 6 ënnert deene beschten Albume vum Joer klasséiert. Huet dës Plack dir vill nei Méiglechkeeten opgemaach?

Jo, mat Sécherheet, si huet mir d'Méiglechkeet ginn, iwwerall op der Welt ze spillen. De leschte Weekend war ech zum Beispill op engem tribale, psychedeleschen Elektronikfestival an Ungarn, eppes, wat ech virdrun nach ni erlieft hat. An dem Sënn, si vill nei Méiglechkeeten opgaangen.

Wann s Du däi Stil a just enger Bezeechnung misst beschreiwen, wéi eng wier dat?

Ech nennen et normalerweis einfach Live Elektronik. D'Konzept vu menger Bühneshow gëtt mir eng Iddi, wéi eng Musek ech maache kann a wéi eng net. Wann ech d'MPC op der Bühn géif opginn, da kéint ech och nach vill méi komplex Saache maachen, wéi bis elo. Mee ech mengen, datt meng Imaginatioun da géif mat mir fortlafen. Ech mengen et ass gutt, datt ech e bëssen ageengt sinn.

Verschaffs Du och perséinlech Erliefnisser an denger Musek?

Schwéier ze soen. Ech probéiere sécher net aktiv mäi privat Liewen an der Musek erëmzespigelen. Wann ech Musek maachen, da kënnt se éischter aus mengem Hannergrond als Museker. Mee vläicht geschitt dat onbewosst, op engem méi déiwen Niveau.