Radioen

On air

Tockcity  |  Joy Orbison - Flight FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den anere Bruckner

Klassik-CD vun der Woch

Den anere Bruckner

auto_stories

2 min

Label: hänssler CLASSIC

Interpretin: Ana-Marija Markovina

Anton Bruckner (1824-1896): Piano Works

Interpretatioun
Klang

Wien an der Mëtt vum 19. Joerhonnert - dat war déi grouss Bühn vun de musikaleschen Intrigen, vun de fatzege Streidereien a Konfrontatiounen ëm de richtege Wee. Op där enger Säit de Richard Wagner a seng Adepten, Vertrieder vun enger neier Musekssprooch, op där anerer Säit de Krees ronderëm de Johannes Brahms, deen éischter un der Traditioun wollt festhalen, fir virunzekommen. Tëscht de Fronte stoung den Anton Bruckner, de Museker aus der éisträichescher Provënz, dee sech zu Wien doudsécher eng Grëtz verluer virkoum.

Éiwegen Zweiweler

Et gëtt kaum eng Symphonie vum Bruckner, vun där et net op d'mannst zwou Fassunge gëtt. Laang huet de Komponist iwwer senge Partiture gebruckt, se verworf oder komplett ëmgeschriwwen, bis se déi Form haten, déi sech de Bruckner virgestallt huet.

Dem Bruckner seng Symphonien, dat si Kathedrale vu Kläng, grouss Architekture virun deenen ee sech als Visiteur kleng a bescheide virkënnt.

Mat Skizze fänkt et un

Éier awer de grousse Plang fäerdeg ass, brauch ee Skizzen, vill kleng Handzeechnungen, Iddien, déi schëtzeg op e Blat Pabeier gemoolt ginn.

Där musikalesch Skizze vum Bruckner huet elo d'Pianistin Ana-Marija Markovina erausgekroopt: Studien, Märsch, Quadrillen, Walzer ... Et ass e Bruckner, deen een net kennt. E Komponist, dee sech net schwéier deet, bis all Wénkel vun der Partitur ausgemooss ass. Hei erliewe mir e spontanen, labbere Bruckner, een echte Musikant.

A genee esou spillt d'Ana-Marija Markovina och dës Wierker. Si probéiert guer net, de Symphoniker ervirzekéieren - dat géif nämlech kolossal schif goen. Um Enn héiert a spiert ee souwisou, datt dës flott, sprëtzeg Pianoswierker zu deene ville klenge Steng gehéieren, aus deene spéider déi gewalteg Symphonië gebaut goufen.