Radioen

On air

De Moien  |  Aretha Franklin - Every Girl (Wants My Guy)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Anouar Brahem an déi orientalesch Kläng vun der Oud

World

Den Anouar Brahem an déi orientalesch Kläng vun der Oud

De rezente Concert vum tuneseschen Oud-Virtuos a Komponist an der Philharmonie war d'Geleeënheet, den Anouar Brahem virun de Mikro ze kréien a mat him iwwert seng Wierker, Aflëss an Inspiratiounen ze schwätzen.

auto_stories

2 min

Wann den Anouar Brahem Nouten opschreift, ënnerscheet hien ni tëscht westlecher oder orientalescher Musek. Fir hie wiere si Eent. Obwuel hien aus der traditioneller arabescher Musek kënnt, dreift säi Virwëtz hien an d'Welt eraus. D'Musek hätt jo schliisslech schonn ëmmer Grenzen iwwerschratt. Den Anouar Brahem war och ee vun den Éischten, déi Ufanks den 80er Joren orientalesch Kläng mat Jazz verschmëlze gelooss hunn.

1957 koum hien zu Halfouine, engem Souk zu Tunis, op d'Welt, an huet mat zéng Joer ugefaangen zu Tunis um Conservatoire Oud ze studéieren. Zéng Albume si bis ewell bei ECM verëffentlecht ginn.

D'Oud ass d'Virfahrin vun der mëttelalterlecher Laut an der Gittar. Een Instrument mat engem immens lëftege Klang an dat eenzegt, wat den Anouar Brahem aus dem arabeschen Orchester ugezunn huet. Een Instrument, dat an der Mëtt vum Orchester placéiert ass an eng zentral Roll an der traditioneller arabescher Musek spillt.

Improvisatioun elementar

Improvisatioun a Kompositioun sinn an dem Anouar Brahem senger Musek equilibréiert. D'Kapassitéit fir Musek spontan z'erfanne wier elementar fir den Oud-Virtuos. Een Talent, dat an der traditioneller arabescher Musek immens respektéiert wier. Souwéi och am Jazz. Ee Genre, an deem den Anouar Brahem sech och gäre beweist. 1998 huet hie mat zwee renomméierten Jazz-Museker de meditativen Album "Thimar" opgeholl: Mam Sopran-Saxophonist a Bass-Klarinettist John Surman a Bassist Dave Holland.

Nieft dem Jazz gräift den tuneseschen Oud-Spiller och gären an d'Klassik. Oder besser gesot, zu klassesche Museker. Dës missten d'Improvisatioun awer beherrschen.

Meditativ, melancholesch Téin

Déi melancholesch Plack "Le Pas du Chat Noir" vun 2002 ass an engem Joer entstanen, an deem den Anouar Brahem sech vun der Oud distanzéiert huet. Fir hie misst ee Komponist onofhängeg vu sengem Instrument Musek schreiwen. D'Bewegung vun engem Bam am Wand huet him den Tempo vum Wierk ginn: lues a rhythmesch elastesch.

Op "Le Pas du Chat Noir" héiert een nieft dem Anouar Brahem de François Couturier um Piano an de Jean-Louis Matinier um chromateschen Akkordeon. Eng ongewinnte Besetzung, déi awer richteg fonctionnéiert.

Printemps arabe

Seng lescht Plack "Souvenance" vun 2014 ass aus dem Kontext vum "Printemps arabe" entstanen. Eng aussergewéinlech Zäit, an där den Anouar Brahem wéinst den Ereegnesser net komponéiere konnt. D'Emotioune wieren ze staark gewiescht. Wéi d'Normalitéit nees agetrueden ass, huet den tuneseschen Oud-Virtuos een dramateschen Album mat ënnert anerem dem Orchestra della Svizzera italiana opgeholl.

Et ass ee gespaant, wat den Anouar Brahem als nächst als Projet op Plack bréngt.