Radioen

On air

De Moien  |  Bryan Ferry - Let's Stick Together

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sophie Hunger: "Den Nolauschterer ass wéi ee Geescht, dee beim Schreiwen nokuckt"

Live zu Iechternach

Sophie Hunger: "Den Nolauschterer ass wéi ee Geescht, dee beim Schreiwen nokuckt"

Der Sophie Hunger hir Musek war schonn ëmmer éischter intim, an och extrem detailverléift. Zanter datt déi Schwäizer Sängerin a Lidderschreiwerin hire Wunnsëtz virun e puer Joer op Berlin verluecht huet, schwätzt d'Groussstad méi staark aus hirer Musek, an nei Komplizen hëllefen dobäi, hir Stëmm an elektronesch Kläng anzepaken.

auto_stories

1 min

"Halluzinationen" (2020), hir lescht Plack, verbënnt konfessionelle Songwriting, performatiivt Sangen, a villsäiteg, bedeitungräich Arrangementer, déi d'Saach op de Punkt bréngen.

Aus dëser Plack wäerte wuel vill vun de Lidder op hirem Concert zu Lëtzebuerg, den 20. Juli am Haff vun der Iechternacher Abtei, gewielt sinn. De Concert ass ee vun deene Wéinegen, op deenen ee Chouer matreest, an hir Musek nach eemol a ganz aner Kleeder apaakt.

Am Gespréich schwätzt d'Sophie Hunger iwwer d'Live-Opnam vun hirer Plack an den Abbey Road Studios zu London, hir Aarbechtsweis, a wat et mat deenen "Halluzinatiounen" am Fong op sech huet.