Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Depressioun an Trauer, Hoffnung a Freed

Blood Orange - Negro Swan

Depressioun an Trauer, Hoffnung a Freed

Dem Dev Hynes seng éischt Band huet "Test Icicles" geheescht. Duerno huet hie sech "Lightspeed Champion" genannt. A no Dance-Punk an Indie-Pop huet hie sech dunn ënnert dem Numm "Blood Orange" dem R'n'B zougewennt. Seng neiste Scheif heescht "Negro Swan".

auto_stories

2 min

Den Dev Hynes huet fir seng 32 Joer schonn eng immens breetgefächert musikalesch Carrière hannert sech. Mat 22 ass hie vu London op New York geplënnert an huet zanterhier mam Solange, FKA Twigs, Kylie Minogue oder och Charlotte Gainsbourg zesummegeschafft.

Säi Sound charakteriséiert sech duerch divers Drum-Machines a Synthien, déi a senge minimalistesche R'n'B-Kompositioune ganz subtil agesat ginn. Schonn op senge leschten dräi Alben ënnert dem Numm "Blood Orange" huet den Dev Hynes mat sengen atmosphäresche Stécker en Nerv getraff. An d'80er a 90er sinn och erëm e groussen Deel vu senger neier Plack "Negro Swan".

Op "Negro Swan" verschafft den Dev Hynes seng Kandheet an d'Schwieregkeeten, sech als schwaarzen Homosexuellen an d'Gesellschaft anzefügen. Depressioun an Trauma, grad ewéi Hoffnung a Freed markéieren déi 16 Lidder vum neien Disk.

Iwwer den Album daucht d'Stëmm vun der Schrëftstellerin an Transgender-Aktivistin Janet Mock op, déi sech iwwer Famill oder och Identitéit ausdréckt. Den Disk wierkt doduerch och e bësse wéi e Collage, mat Field Recordings vun de Stroosse vu New York, a Samples déi eckeg uneneegereit sinn.

Et daucht een awer ganz einfach an dem Dev Hynes seng Klangwelt eran. Gläichzäiteg sinn d'Kompositioune verstréckt. Hie flirt mat Avant-Garde, an erënnert wéinst sengem Sënn fir Stëmmung an Textur u Museker wéi Robert Wyatt oder och Air.

Den Dev Hynes huet fir "Negro Swan" och erëm eng Kéier seng gefëllte Friendslist duerchgeklappt fir Collaborateuren ze fannen. Ënner anerem dauchen de Puff Daddy, d'Soul Sängerin Georgia Ann Muldrow oder och de Steve Lacy vun "The Internet" op. All dës Artiste kritt den Dev Hynes musikalesch ënner en Hutt. Säin neien Album kléngt erfrëschend homogen a waarm. Seng 80s ugehauchten Tonalitéite sinn originell an dinn einfach schmëlzen.

Verschidde Lidder wéi "Saint" sinn iwwer Joren entstanen a mat der Zäit frësch gemixt ginn. Anerer wéi "Orlando" sinn aus engem méi spontane Prozess erausgewuess. Wootlech Synthies-Téin ëmwéckele Stécker wéi "Take your time". Hei bléist iwwerdeems eng berouegend Jazz-Flute ganz suave iwwer d'Lidd. An déi éischt Single "Charcoal Baby" gëtt vun enger wonnerbar verstëmmter Gittar dominéiert.

"Negro Swan" ass eng autobiographesch a spartanesch R'n'B Plack, déi vun engem experimentelle Geescht duerchzunn ass. Den Dev Hynes begléckt eis Oueren nach emol mat enger stiliséierter Scheif, déi vill Schichten opweist.