Radioen

On air

Notturno  |  Arthur Russell - Get Around To It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Disco, Punk a Feminismus

U.S. Girls

Disco, Punk a Feminismus

Den neien Album vun U.S. Girls huet et a sech. Déi amerikanesch-kanadesch Sängerin Meg Remy zervéiert sech am weibleche Pop-Repertoire a wiisst iwwert sech eraus. Clever verpéckt si subversiv Messagen.

auto_stories

3 min

2013 war d'Meghan Remy fir e Concert am deemolegen Exit07 zu Hollerech. Si stoung eleng op der Bühn an huet mat schife Backing-Tracks op Kassetten obskur Pop-Brouillone gebastelt.

Hiren neien Album presentéiert sech wesentlech méi poléiert wéi "Gem", dee si am Exit virgestallt hat oder "Half Free" vun 2015. "Half Free" war hiren éischten Disk bei engem gréissere Label, dem briteschen 4AD. Trotzdem hat dësen nach deen typesche Sound vun enger Schlofzëmmer-Produktioun.

Eng grouss Produktioun

Op "In A Poem Unlimited" léisst d'Musekerin hir Lo-Fidelity Art-Pop Wuerzelen ee fir allemol hannert sech, a geheit sech an eng grouss Produktioun. Dat gëtt och däitlech, wann ee liest, datt déi nei Stécker live mat enger siwe-käppeger Band wäerten ëmgesat ginn.

Eng grouss Produktioun heescht allerdéngs net manner originell oder experimentell. D'Musekerin blitt zu neier Gréisst op, am opulente Pop-Outfit. Si léisst d'Muskele spillen. Souwuel musikalesch, wéi zum Beispill beim industriell-rockegen "Incidential Boogie", wéi och textlech. Si rechent of, virun allem mat de Männer. Mat Männer, déi Muecht ausüben, déi egozentresch sinn, déi schlecht Partner sinn an am Fong näischt ze soen hunn.

Haassen an danzen

An dobäi soll gedanzt ginn. Ee Song, deen erausstécht, ass zum Beispill d'Single "M.A.H." Dat steet fir "Mad As Hell". Am Viséier vun hirem Haass steet den amerikanesche President. Virun allem well hie wéi e Feigling ugefaangen hätt mat Dronen op Mënschen ze schéissen.

Dësen Titel erënnert staark un d'Musek vun der amerikanescher Band "Blondie". D'Fusion tëscht Disco-Groove a Punk-Attitude, déi Songs wéi "Heart of Glass" zu internationalem Hit-Status verhollef hunn, zitt sech wéi e roude Fuedem duerch "In a Poem Unlimited". Och d'Kate Bush schwéngt souwisou bei U.S. Girls ëmmer mat. Net nëmme wéinst der eegewëlleger Tounlag vun der Stëmm.

"In a Poem Unlimited" ass en Album, wéi d'Welt der méi bräicht. D'Arrangementer sinn zum Deel komplex, d'Orchestréierung ass opulent, d'Codéierung vun den Texter ass net ëmmer einfach an der Meg Remy hir Stëmm ass grell a komesch. Trotzdem ass dës Musek capabel, bei engem breede Publikum Gehéier ze féieren. Bei Mënschen, déi op Mainstream-Welle gläichgeschalt sinn. An Zäite vun ëmmer méi stompege Chartbraker-Nummere fir ewech ze geheien, ass intelligent gemaachten, erwuessene Pop eng wichteg Ressource. Titele wéi "Rosebud" sinn Nahrung fir Kierper a Geescht.