Radioen

On air

Al Schanken  |  Willie Nelson - Gotta Serve Somebody

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dräi Placke vun 2018 fir ënner de Beemchen

Musek

Dräi Placke vun 2018 fir ënner de Beemchen

Dräi Albumen hunn aus dem Cru vun 2018 erausgestach. Am éischten Deel vum musikalesche Réckbléck vun 2018, stellt de Marc Clement Jassbusters, Clean an Endless Scroll vir.

auto_stories

2 min

Dräi Albumen hunn aus dem Cru vun 2018 erausgestach. Als kleng Opmierksamkeet ënner de Beemchen oder fir no de Feierdeeg eppes Neies ze lauschteren ze hunn, ass dem Connan Mockasin seng Plack "Jassbusters" ee klenge Bijou. Op e rauschesch-lauschescht Tounband opgeholl an ënner dem Mantel vum Dilletantismus schwieft de Mockassin op genee der gudder Well tëschent liddereg-fléissender Interpretatioun an Effizienz.

Deen zweeten Album, dee mir Iech réckbléckend ënner de Chrëschbeemche leeë wëllen, offréiert Indie-Rock mat enger ganz weiblecher Touche. Op hirem Debutalbum kléngt Soccer Mummy wéi eng Sheryl Crow, ouni poppeg Kompromësser a mat engem schéine Sound. "Still Clean", deen éischten Track fänkt mat knaschtege Gittarenaccorden un, wéi se dann op eng Opnam kommen, wann de Mikro d'Schrupppen op de semi-akustesche Säiten zesumme mam Summen a Schale vum Verstäerkersound am Raum captéiert. Ee vun den Héichpunkter vun der Plack ass "Your Dog", dat engem esou séier net aus dem Kapp geet.

Am Juli si Bodega bei eis ukomm. E Quintett aus zwee Typpen an zwou Mossen, déi zesummen de Postpunk vun den Talking Heads oder Devo mat sardonescher Selbst- a Gesellschaftskritik verbannen.

Esou wéi hei op "How Did This Happen", op deem deene fënnef hir direkt Lyrics an danzbare Groove näischt ze wënschen iwwreg loossen.