Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Beschützer a Form vu Musek?

Komponistin am Gespréich

E Beschützer a Form vu Musek?

Operen, Wierker fir Orchester, Kammer-, a Vocal-Musek a Stécker fir Gittar, Picolo, Saxophon, Electronics, Flütten a Piano: Lauter Wierker a lauter verschiddene Gattungen, fir all méiglech verschidden Instrumenter. Dëst Joer ass eng nei Gattung am Oeuvre vun der Chaya Czernowin dobäikomm: En Celloconcerto mam Titel "Guardian". No der Uropféierung zu Donaueschingen ass d'Komponistin elo op Lëtzebuerg gereest, wou de "Guardian" an der Philharmonie fir déi zweete Kéier opgefouert gëtt. De Luc Boentges huet mat der Chaya Czernowin iwwer dëst Wierk geschwat.

auto_stories

3 min

LB: Chaya Czernowin, Dir hutt ärem Celloconcerto den Titel "Guardian" (lëtz.: Beschützer) ginn: Wéi ass deen Titel ze verstoen?

CC: Et weess een net ëmmer, wat en Titel bedeit, wann een e bestëmmt. Heiansdo ass den Titel eng Zort Magnéit fir Iddien. Et ass, wéi wann een engem Kand en Numm gëtt, dat een nach net kennt. Mä op eng gewëss Aart a Weis war et e Wonsch, datt d'Musek eis an dëse schwéieren Zäite bewaacht.

Natierlech wënscht ee sech dat, an et gesäit een d'Musek als eng Zort vu Beschützer. Allerdéngs nëmme fir erauszefannen, datt et eng Spigelung vun engem selwer ass. A wann s du fills, datt d'Zäite schwéier sinn, wäert och de Wiechter net ëmmer vernünfteg a beschützend bleiwen.

LB: Dir hutt dëse Concerto fir d'Sévérine Ballon geschriwwen, eng Cellistin, déi Dir schonn zënter längerem kennt.

CC: Jo, genee. 2010 hu mir ugefaangen zesummenzeschaffen, wéi si fir meng Oper "Pnima" op Weimar komm ass ... Eigentlech war et souguer éischter ... An dunn ass si op Stuttgart komm, wou mir déi selwecht Oper opgefouert hunn. Tëschent eis ass eng Zort Frëndschaft entstanen, déi all dës Joren iwwerdauert huet.

Mir kennen eis wierklech schonn zënter laangem a mir kennen deem anere seng musikalesch Perséinlechkeet richteg gutt. An dësem Stéck hunn ech mech wierklech un hir Perséinlechkeet ugepasst, et fir hir Aart a Weis ze spille geschriwwen, fir hir Approche zum Instrument an ech hunn d'Stéck bis zu engem gewësse Grad och un hiert musikalescht Denken ugepasst.

Wéi ass de "Guardian" opgebaut?

Ech hu grouss Bedenken, fir iwwer den zäitlechen Oflaf vum Wierk ze schwätzen. Ech géif awer soen, datt d'Stéck eng ganz komesch Struktur huet. Et ass ganz direkt, ganz selbstbewosst an extrem staark. An et si vill Gesten an den Cello-Kadenzen, déi ganz kräfteg sinn. Am Géigesaz dozou ginn et riseg orchestral Bléck, déi quasi an der Loft schwiewen. Deelweis sinn déi och ganz staark, mä gréisstendeels si se eigentlech ganz niwweleg a ganz liicht.

Dat ganzt Stéck ass duerch seng Struktur ongemittlech, well sech dës Struktur ëmmer nees selwer a Fro stellt. Et ass bal esou wéi dat Bild vum Magritte, mam Steen an der Loft.

Wou fannt Dir d'Inspiratioune fir är Wierker?

Ech ginn ni op d'Sich no Inspiratiounen, well ech Inspiratioun hunn. Ech brauch se net ze sichen. Et sëtzt ee sech, an et huet een e Blat an et fänkt een u mat Schaffen. An et schafft een all Dag an dat ass engem seng Inspiratioun.

Dir hutt grad vun engem Blat geschwat: Wéi komponéiert Dir? Ganz traditionell mat Bläistëft a Blat oder och mam Computer?

Ech mengen, datt de Beethoven e klengt Notitzbuch hat, dat hien iwwerall matgeholl huet, an deem hien all seng Iddien notéiert huet. An ech si sécher, datt si net alleguerte gutt waren. Bei mir ass et net aneschters. Ech schaffen tatsächlech mat engem Bläistëft an engem Gummi. Ech sinn eng Spezialistin fir déi bescht Gummien, déi existéieren.