Radioen

On air

Notturno  |  Twain - Walking II

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E breede Repertoire

E Belsch zu Metz

E breede Repertoire

De laangjäregen Chef vum haitegen Orchestre national de Metz, de Jacques Mercier, huet déi franséisch Musekszeen gepräägt. Virun e puer Méint ass hien a Pensioun gaangen a säin Nofolger gouf den David Reiland, dee fir d'Rentrée 2018/19 als neie Chefdirigent vum Orchestre national de Metz ugetrueden ass.

auto_stories

2 min

Jiddweree ka sech nach u seng brillant Saisone mam Orchestre de Chambre du Luxembourg erënneren, mat deem den David Reiland virun e puer Joer eng ganz Partie spannend Concerten an der Philharmonie proposéiert huet.

Zu Salzburg war hien Assistent vum Dennis Russell Davies a vum Jorge Rotter. Pierre Boulez, David Zinman, Mariss Jansons oder nach Sir Simon Rattle sinn nëmmen e puer weider Leit, bei deenen hien Assistenzen a seng Dirigentenausbildung gemaacht huet.

Zanter 2006 ass den David Reiland Gaaschtdirigent bei villen Orchesteren a Chéier gewiescht.

Déi éischte Kéier, datt den David Reiland virum Metzer Orchester stoung, war virun dräi Joer. Den Ensembel huet dee Moment nach Orchestre national de Lorraine geheescht, an de jonke belsche Museker war op Invitatioun vum Jacques Mercier op Metz komm.

Zwee weider Gaaschtoptrëtter koumen no, an den David Reiland an den Orchester hu sech besser kennen a appreciéiere geléiert.

Vun 172 Kandidaten den Éischten

Wéi de Jacques Mercier ukënnegt hat, als Chefdirigent zu Metz opzehalen, gouf d'Plaz ausgeschriwwen. Den David Reiland mécht sech net vill Illusioune bei 172 Kandidaten.

Allerdéngs sollt hie sech als deen ideale Kandidat erausschielen, duerch säi breede Repertoire (Klassik bis Zäitgenëssesch), seng Direktiounstechnik a säin Ëmgang mat Mënschen, wéi de Jacques Mercier an der Emissioun "Museker am Gespréich" erzielt huet.

"Relier le son à un geste"

Schonn als Jugendleche war et Dem David Reiland säin Dram, de Klang mat enger Aarmbeweegung ze verbannen: engem Dirigent seng Liewensaufgab. Zu Metz wäert de Museker vun Arel neie Repertoire mat deem traditionellen kombinéieren an och déi onverkennbar franséisch Klangfaarf vum Orchester weiderfleegen.


De Manuel Ribeiro war an eng Prouf de 17. Oktober 2018 an der Maison de l'Orchestre national de Metz, an huet mam David Reiland e Gespréich gefouert:

Lauschterenplay_arrow