Radioen

On air

Notturno  |  Cabane - Sangokaku

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E psychedelesch verspillten Universum

Grateful Dead - Aoxomoxoa

E psychedelesch verspillten Universum

De "Grateful Dead" hiren drëtten Album "Aoxomoxoa" feiert dëse Mount 50 Joer. Déi psychedelesch Gigante vu Palo Alto sprengen op dësem d'Konventioune vu Country a Rock. "Aoxomoxoa" ass eisen Déjà-Vu Album vun der Woch.

auto_stories

4 min

Den Numm "Aoxomoxoa" héiert sech mysteriéis un. Leider gëtt et hei awer net vill z'erzielen. Déi verspillten Zesummesetzung vu Buschtawen huet keng Bedeitung. Et ass e Palindrom, deen de Lyriker Robert Hunter deemools einfach nëmme "cool" fonnt huet.

D'Grateful Dead an hir Konsorten ware keng Komplizéierter. En Trupp vu Kollege mat enger Virléift fir LSD, déi stonnelaang zesumme gejammt hunn. An dobäi ass Musek mat engem transzendentalen Edge entstanen.

Fluffeg Bäert, ronn Brëller an e grousst Laachen

An enger blummeger Kritik vun "Aoxomoxoa" vun 1969 huet d'Adele Novelli vu Rolling Stone de Frontman Jerry Garcia als "a dominant and exquisite person emanating serene unconsciousness and tenderness" beschriwwen.

Den Jerry Garcia huet och wéi den Ur-Hippie ausgesinn, mat sengem fluffege Baart, ronne Brëll a grousst Laachen. Country, Bluegrass an Jug Music sinn d'Fundament vun de Grateful Dead. Mee hire Sound zitt schlussendlech méi Richtung Rock. Den Aarbechtstitel vun hirem drëtten Album war deementspriechend "Earthquake Country". Op "Aoxomoxoa" kënnt dann nach eng defteg Prise Psychdelia dobäi.

De psychedelesche Quintett ass 1965 an der San Francisco Bay Area gegrënnt ginn, matze während der Géigekultur vun de 60er. Als "Greateful Dead" si si och fir d'éischt op enger LSD-Party vum Ken Kesey opgetrueden.

Fräi Museker

D'Lead Vocals a Lead Gittar koum vum Jerry Garcia. De Bob Weir dann och um Gesang a Gittar, de Ron McKernan op de Keys, de Phil Lesh um Bass, de Bill Kreutzman op der Batterie, an dann vun 1968 un nach en zweete Batteur, de Mickey Hart.

Zwou Batterien am Mix ze hunn ass schonn iergendwéi kuriéis awer och couragéis. D'Grateful Dead hunn och zimlech fräi zesumme musizéiert, wat dacks zu wackelege Momenter gefouert huet. Wackeleg awer dowéinst net onbedéngt desagreabel.

Eng richteg Liveband

Op "Aoxomoxoa" fléien d'Kläng an engem psychedelesch verspillten Universum ronderëm. Hiren eenheetleche Sound ass immens dehnbar an organesch. D'Grateful Dead ginn och zurecht als "Pättere vun der Jam Band" genannt.

Si waren zemools fir hir dynamesch a generéis Live-Optrëtter bekannt. Eng Band mat enger legendärer Fanbase - "Deadheads" hunn dës sech genannt - déi d'Concerte vun hiren Idoler bal reliéis opgesicht hunn.

De Grateful Dead hir Relatioun zum Studio war eng aner Saach. Hir Musek op Band festzehale war fir si ëmmer zweetrangeg. D'Magie huet besser am Moment selwer op der Bühn fonctionnéiert.

Dat gesot hu si sech bei den Opname fir "Aoxomoxoa" gutt ameséiert. Dës Plack ass anscheinend deen éischten Album, deen op enger 16-Spur Band-Maschinn opgeholl gouf. Gewéinlech hate si deemools nëmmen 8 Spuren zur Verfügung. Dës technologesch Fräiheet huet weider kreativ Dimensiounen erméiglecht.

En experimentellt Album

"Aoxomoxoa" ass de Grateful Dead hiren experimentellsten Album. Mee déi kalifornesch Band bleift u sech zimlech brav. Hei an s do goufen d'Stëmme verzerrt, e puer Effekter bäigefüügt an d'Vocal-Harmonien nach méi breet gemaach, mee klassesch Country Rock Strukturen halen dat Ganzt um Buedem.

Aacht Méint hunn d'Grateful Dead am Studio zu San Francisco verbruecht a sech an technesche Detailer verluer. Den Album kléngt dowéinst plazeweis och iergendwéi ouni Plang. Zum Beispill den 8-Minutten Titel "What's Become Of The Baby", op deem dem Jerry Garcia säi psychedelesch buddhistesche Gesang néierens hiféiert.

D'Grateful Dead waren eben op hirem eegenen Trip. "Aoxomoxoa" war hiren dekadente Studioprojet, wou de Grupp Krämpes hat sech an hiren Iddien ze bremsen, sech op d'Lidd selwer ze fokusséieren.

Déi ganz Experimentatioun am Studio huet dobäi och eng schwéier finanziell Schold mat sech bruecht. No "Aoxomoxoa" hunn d'Grateful Dead sech ni méi mat hire Studioproduktiounen esou de Kapp zerbrach. Hiert Heem war wéi gesot d'Bühn.

Vun all de Lidder op "Aoxomoxoa" hu sech och wéineg spéider an hire Live-Set erëmfonnt. Eng Ausnahm war "China Cat Sunflower". E beniwwelt esoterescht Lidd iwwer eng Rees duerch d'Galaxie an eng Kaz.