D'Prouf vum Requiem war just den Ofschloss vun engem laangen Dag. Ugefaangen huet et moies um hallwer zéng, wou et fir d'Orchestermuseker mat engem Bus vun der Philharmonie bis op de Findel gaangen ass. Vun do aus sinn dunn zwee Fligere weider op Biarritz, an de Süde vu Frankräich geflunn.
Den Dagesoflaf vun engem Bühnemanager
Nach an der Loft erkläert de Max May, ee vun den zwee Bühnemanager vum Orchester, wéi säin Dagesoflaf ausgesäit. Wann d'Museker am Hotel ukomm sinn, kënne si sech als éischt emol e bëssen ausrouen. Am Géigendeel dozou, geet et fir d'Bühnemanager ouni Paus weider: Si fueren direkt nom Check-in am Hotel weider an de Kursaal zu San Sebastián. Do luede si de Camion mat den Instrumenter vum OPL aus a preparéieren d'Bühn fir déi éischt Prouf.
D'Instrumenter ginn eenzel transportéiert
Een Dag, éiert déi zwee Fligere gestart sinn, huet sech e Camion mat den Instrumenter vum OPL op de Wee gemaach. Trotzdeem gesäit een, datt eng ganz Rëtsch vun de Museker mat Instrumentekofferen, amplaz vun Handgepäck, ënnerwee sinn. Vill, déi een éischter klengt Instrument spillen, entscheede sech dofir, selwer fir den Transport ze suergen. Dëst ass och nozevollzéien, wann ee bedenkt, datt verschidde Sträichinstrumenter vum Präis hir am sechs-stellege Beräich leien. Do donieft gëtt et nach e weidere Grond, firwat ee säin Instrument léiwer bei sech huet, wéi den Adam Rixer, Solo-Trompettist vum OPL erkläert. Esou kéint hien nämlech schonn am Hotelszëmmer e bëssen üben.
"Fir datt een a Form bleift, muss een d'Trompett einfach waarm halen."
Keen Noutfallplang
Nodeems de Fliger gelant ass, ass et vu Biarritz mam Bus virun op San Sebastián gaangen. Mam Transport vun de Museker huet deemno alles gutt geklappt. Mä wat wier, wann de Camion mat den Instrumenter net pénktlech géing ukommen? De Klaus Künne, den zweete Bühnemanager dee mat op Tournée geet, erzielt, datt et keen Noutfallplang fir esou een Zeenario gëtt:
"Et kéint een elo net hi goen an dat ganzt Material iergendwou léinen oder lounen. Dat ass ze speziell an ze individuell op d'Museker ugepasst."
Vill Suerge bereet dat dem Klaus Künne awer net. Säit néng Jore schafft hie scho fir d'Philharmonie. An där Zäit wier nach näischt Gréisseres schif gaangen.
Teambuilding duerch d'Tournée
De Benjamin Schäfer ass Perkussionist beim OPL. Fir hie sinn esou Tournéeën ëmmer den Highlight vun der Saison. Dat awer net nëmmen, well een op d'Rees geet an nei Stied kenne léiert. Mä och, well een als Orchester zesumme wiisst. An dat géing sech bei der musikalescher Qualitéit bemierkbar maachen:
"Den Orchester spillt ëmmer am beschte beim leschte Concert. Da si mir sou richteg zesumme geschweesst. Ëm esou méi Concerten een zesumme spillt, ëm sou besser gëtt och meeschtens den Niveau."
Nodeems d'Museker am Hotel agecheckt hunn, heescht et fir si fir d'éischt emol: Paus maachen a sech op déi éischt Prouf virbereeden, déi bis spéit an den Owend era geet.
Dräi Concerten an dräi Deeg
Beim éischte Concert dëse Freidegowend steet e reng russesche Programm op der Affiche. Ënnert anerem spillt den OPL déi éischt Sinfonie vum Dimitri Schostakowitsch an den drëtte Pianosconcerto vum Sergei Prokofjew. Als Solist trëtt den Alexander Gavrylyuk op. E Samschdeg steet dann dem Verdi säi Requiem, virun engem ausverkaafte Sall um Programm, éiert et dann e Sonndeg weider op Santander geet. Do gëtt de Requiem virun engem nach emol ausverkaafte Sall widderholl.