Interpretatioun | |
Klangqualitéit |
NDR Radiophilharmonie
Andrew Manze
Felix Mendelssohn Bartholdy: Symphonien Nr. 4 & 5
PTC 5186611, Pentatone
Een exzellente Guide
Mam Andrew Manze géif ee gären an Italien reesen. E presentéiert eis musikalesch e Land, dat vu Liewensfreed scheinbar nëmmen esou strotzt. Dës 4. Symphonie vum Felix Mendelssohn Bartholdy kléngt enorm frësch, huet vill Schwong an Driff a stécht nach ewell voller Detailer. Den Dirigent an den Orchester sinn hei Gottseidank wäit ewech vu romantiséierter Postkaartemusek. Et spiert e scho bal, wéi de Mendelssohn sengerzäit den Trip a Südeuropa genoss huet a wéi laang déi authentesch Italianità nach a senge Gedanken nogeklongen huet.
Kee Pathos
An deem selwechten Esprit ginn d'NDR Radiophilharmonie an hire Chefdirigent och un déi 5. Symphonie erun, d'Reformatiounssymphonie.
Den Thema ass natierlech méi eescht mat sengem spirituellen Hannergrond. D'Spaltung vun der chrëschtlecher Kierch an d'Reformatioun waren een epochalen Aschnëtt, deen de Mendelssohn virun allem an der Schlusschoral vu senger 5. Symphonie betount. "Eine feste Burg ist unser Gott", esou feierlech wéi dëst Lidd kléngt, esou wéineg Pathos paken den Andrew Manze a seng Museker an dëse Finale.
A grad dat mécht generell dës Interpretatioun vum Mendelssohn senger 5. Symphonie aus: e schlanken, transparenten Orchesterklang, dee guer keng gekënschtelt, opgepäppelt romantesch Kënschtlechkeet erlaabt. Hei huet een éischter d'Impressioun vum frësche Wand, deen duerch d'Reformatioun an der Kierch geblosen huet. Op alle Fall awer bréngt dës Interpretatioun en agreabele frësche Wand an d'Mendelssohn-Diskographie.