Radioen

On air

Notturno  |  Midnight Star - Midas Touch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Lëtzebuerger rockt zu Köln

Stromkasten

Ee Lëtzebuerger rockt zu Köln

Wéinst der Pandemie gouf et keen Event fir d'Verëffentlechung vun hirem éischten Album. D'Post-Rock-Formatioun Stromkasten léisst sech dovun net ophalen a mécht weider. Momentan schaffe si um zweete Longplayer.

auto_stories

2 min

Dee ganzen Interview lauschterenplay_arrow


"Mutiny On the Bounty war deemools eng "Iwwerband" fir eis. Déi hat deemools schonn en éischten Album dobaussen, an déi huet eis immens verbonnen," erënnert sech de Pierre Back, deen 2012 Stromkasten gegrënnt huet.

Datt Stromkasten instrumental Musek spille wier "aus der Nout" komm, seet de Pierre Back. "E Sänger soll seng Stëmm als Instrument gebrauchen. Ech war ni zefridde mat mengem Gesang, ech wollt mech méi op meng Gittar konzentréieren."

Den typesche Stromkasten-Sound

Eigentlech sinn d'Membere vu Stromkasten Fans vun AC/DC. Och wa si selwer ganz aner Musek maachen.

Als "Gittarmusek am wäitste Sënn" bezeechent de Pierre Back hir Musek: "Instrumentale Rock mat vill Verzerrung, Delay an Atmosphär".

Fir de Mix vum leschten Album "Digital Na(t)ive" hätt d'Band dräi potenziell Kandidaten invitéiert, fir schlussendlech dee Richtegen ze fannen. "Et ass ëmmer wichteg, datt s du e Sound-Techniker hues, dee sech mat dengem Sound kann identifizéieren", seet de Pierre Back.

Zweeten Album an der Maach

Well Stromkasten wéinst der Pandemie am August 2020 keng anstänneg Releaseparty fir den Debutalbum konnte maachen, hätte si direkt den nächsten Album geplangt. "Et muss einfach weider goen. Mir sinn einfach "chaud" fir deen nächsten ze maachen."

De Pierre Back weess nach net, wéi déi nei Scheif soll heeschen. De leschte Longplayer "Digital Na(t)ive" sollt am Ufank ganz anescht gedeeft ginn, eréischt duerno koum d'Iddi vum Wuertspill. "Et ka sinn, datt mer dat elo weider spannen, mee schlussendlech musse mir nach weider schreiwen an dann zesumme kucken, wéi et geet."