Ënner dem Motto "Because Music Matters" spillen auslännesch a Lëtzebuergesch Kënschtler, dorënner Glass Museum, Claire Parsons an C'est Karma vu Mëttwoch un bis e Sonndeg an der Rockhal.
D'Serie vu Concerte soll als Observatiounsgeleeënheet fir d'Behuele vum Covid-19 am Kontext vu Live-Evenementer déngen. Lëtzebuerg iwwerhëlt domat eng Virreiderroll: änlech Studie goufen et am August zejoert zu Leipzig an am Dezember zu Barcelona.
D'Organisatioun vun de Concerten huet an enker Collaboratioun mat der Direction de la Santé stattfonnt. Virum Concert kréien d'Leit ee PCR- souwéi een Antigentest gemaach, vun deem d'Resultat virläit, ier een de Sall geet. D'Concertsgänger ginn och siwen Deeg nom Concert nach eng Kéier op eng méiglech Covid-Infektioun getest.
De Marc Clement huet sech mam Rockhal-Direkter Olivier Toth an der Dr. Anne Vergison vun der Inspection sanitaire iwwer d'Organisatioun vun den Eventer ënnerhalen.