Radioen

On air

Resonanzen  |  Yann Tiersen - L'après midi, aus 'Le fabuleux destin d'Amélie Poulain' (Filmmusek) - Anna Scheps (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Album sou komplex wéi d'Liewen

Sufjan Stevens - The Ascension

En Album sou komplex wéi d'Liewen

A sengem neien Album schwätzt den amerikanesche Sänger Sufjan Stevens iwwer Gott an iwwer Amerika. De Patriotismus, deen op senge fréie Wierker mat geschwongen huet, ass verflunn.

auto_stories

4 min

Foto: Asthmatic Kitty Records

De Sufjan Stevens ass e remarkabelen Artist. Wann ee säi Wierk vun 1999 bis bei den neien Album duerch lauschtert, kritt een eng extrem breet Panoplie u ganz ënnerschiddlecher Musek gebueden. Am Ufank vu senger Karriär mam zweeten Album "Michigan" hat hien annoncéiert, datt hie fir all amerikanescht Bundesland en Album wéilt maachen.

Iwwer dee Projet wëllt hien haut net méi schwätzen. Am Kontrast zu sengem deels spartaneschen, deels orchestrale Folk Pop stoung dann awer schonn direkt 2001 den Album "Enjoy your Rabbit" - en experimentellt elektronescht Wierk, wat a sech schonn e Freedefeier un extrem verschiddenen Iddien ass.

De Stevens huet a senger Karriär awer och 100 Chrëschtlidder verëffentlecht, de "Brooklyn-Queens Expressway" krut vum Kënschtler e maximalistesche Soundtrack komponéiert, hien huet mat "The Adge of Adz" en epesche Konzeptalbum ofgeliwwert, seng schwiereg Relatioun mat senger Mamm huet hien no hirem Doud 2015 am therapeuteschen Opus " Carrie and Lowell " verschafft, hien huet fir de jonken New Yorker Star-Choreograph Justin Peck groussaarteg Ballete geschriwwen, mat sengem Stéifpapp huet hien en zolitten Ambient-Album released an hien huet mat ganz ënnerschiddlechen Artiste kollaboréiert - den Namedropping dovunner géif lo hei de Kader sprengen.

Um neie Sufjan Stevens Album kënnt bëssen alles zesummen, wat hie bis elo a senger Karriär gemaach huet.

No "Carrie and Lowell" a sëllegen aneren akustesche Singelen ass de Stevens nees elektronesch. Et erënnert mat Momenter un "The Adge of Adz" - awer dem Album seng dynamesch Bandbreet iwwertrëfft déi vum Wierk vun 2010. Souwuel musikalesch wéi och inhaltlech.

Grouss gesellschaftlech Theemen

De Stevens bleift autobiographesch a beschäftegt sech dës Kéier mat de grousse gesellschaftlechen Theeme vun eiser Zäit. Am Opener "Make Me an Offer I Cannot Refuse" schwéngt eng däitlech Kapitalismuskritik mat, awer och d'Hypokrisie vun de Relioune gëtt un de Pranger gestallt.

Wien awer iwwer déi 15 Tracks eng Ofrechnung erwaart, wéi an engem Bréif, deen hien 2017 un de President Trump adresséiert hat, kennt de Stevens schlecht. Deen zweete Song ass eng etheresch Ballad, wou de Protagonist invitéiert, mat him aus dëser Welt fort ze lafen.

"Ech si kee fir Kontroversen", séngt de Stevens an "Ursa Major". Seng Kritik ass meeschtens passiv, Léisunge weist hien net op, awer seng Musek bitt Zouflucht an Trouscht.

Frustratioun iwwer den Zoustand vun der Welt

Wéi nach op kengem aneren Album, ausser vläicht op de Chrëschtdaagsplacken, thematiséiert de Sänger säi Glawen. Seng Frustratioun iwwer den Zoustand vun der Welt, an d'Situatioun an den USA gesäit hien als Prouf " Don't do to me what you did to America " ass de Mantra an der Lead Single America, déi mat hiren 12 Minutten 30 kaum wäert vill um Radio gespillt ginn.

Vläicht huet hien dofir nach de knackegen awer leider bësse previsibelen Elektro Pop Titel Video Game op den Album gepaakt. Dee Song bleift awer eng Ausnam.

"The Ascension" ass en Album, dee wéinst de Stëmmungsschwankungen an der deels gebastelter Produktioun net einfach ze lauschteren ass. Et ass e Patchwork, zesummegeneelt a -gepecht aus Stécker aus dem Stevens sengem elo schonn ëmfangräiche Liewenswierk. Vill vun de Melodien an Harmonie kommen engem bekannt fir, wann een d'Musek vum Sufjan Stevens kennt.

Alles selwer gemaach

Wat nei ass, ass d'Direktheet - obwuel vill vun de Stécker opulent orchestréiert sinn, huet de Stevens quasi all d'Instrumenter selwer agespillt, hien huet de ganze Buttek opgeholl a gemixt a souguer de Cover selwer gemoolt an d'Typo entworf.

The Ascension huet maximalistesch Dimensiounen, déi wéinst dem DIY-Esprit awer dacks onschaarf an iwwerluede wierken. Dat kann een dem Album virgeheien, oder awer et kann ee genee dat gutt dru fannen. De Stevens hätt kéinten e Produzent mat engem puer frëschen Oueren un de Projet loossen, dat hätt e geschäerft a warscheinlech op ville Plazen dem Sounddesign gutt gedoen. Awer op der anerer Säit mécht d'Gewurschtels och en Deel vun der Magie aus.

Et muss een net gleeweg sinn, fir dem Stevens säi Frust ze deelen, an egal ob Chrëscht, Moslem oder Atheist - d'Fro nom "Firwat" bleift ëmmer déi selwecht, an d'Liewen ass ni einfach an ni schwaarz a wäiss, mee extrem komplex - genee wéi dësen Album.