Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Joesef - Just Come Home With Me Tonight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Online-Chouer fir Lëtzebuerg

Musek

En Online-Chouer fir Lëtzebuerg

Duerch d'Quarantän läit d'Chouerliewe mat senge Prouwen a Concerten den Ament brooch. Dofir proposéieren den INECC an de radio 100,7 eng Alternativ, bei där all begeeschterte Sänger matmaache kann. Participéiere kann een an dräi einfache Schrëtt: Umellen, Ophuelen an Eraschécken.

auto_stories

2 min

Chouersangen ass net nëmme gutt fir d'Séil, mee et huet och zu Lëtzebuerg eng grouss Traditioun. Well den Ament weder Prouwen nach Concerten organiséiert kënne ginn, proposéieren den INECC an de radio 100,7 elo fir all begeeschterte Sänger en Online-Chouer. Dat éischt Wierk um Programm ass de Bach-Choral: "Von Gott will ich nicht lassen".

De Chouer funktionéiert nom Prinzip, datt sech d'Sänger bei sech doheem ophuelen. Déi eenzel Videoe ginn dann zu engem eenzegen zesummegestallt an d'Stëmme gi vun engem professionellen Tounmeeschter gemixt. Zum Schluss gëtt béides nees zesummegeféiert an d'Resultat online gestallt.

Wéi matmaachen?

Fir ze participéiere ginn dräi einfach Schrëtt duer: Umellen, Ophuelen an Eraschécken. Nodeems ee sech iwwer d'E-Mail-Adress info@inecc.lu ugemellt huet, kritt een en teschneschen How-To, d'Nouten an e Playback-Video geschéckt. Op dësem Video gesäit een den Dirigent Nicolas Billaux an et héiert een de Bachchoral.

Wann een d'Nouten e bësse geüübt huet, filmt ee sech mam Smartphone, wärend ee synchron mam Playback-Video matséngt. Als lescht schéckt een den eegene Video dann un den INECC.

En änleche Projet huet den International Opera Choir mat senge Membere realiséiert. (Screenshot: International Opera Choir/Youtube)

Wisou Bach?

Fir den 21. Mäerz wollt d'INECC de Projet "Bach in the Subways" organiséieren, fir deen och well e Chouer zesummegestallt gi war. De Bach-Choral "Von Gott will ich nicht lassen" war Deel vum Programm, dee schlussendlech wéinst der Covid-19-Pandemie net opgeféiert konnt ginn. Dëse Chouer gëtt elo reaktivéiert, andeems d'Sänger dëse Choral elo bei sech doheem ophuele kënnen. Den Online-Chouer ass awer net just op dës Sänger limitéiert, mee riicht sech un all Interesséierten.

Wann déi eenzel Stëmmen zesummegestallt sinn an de Mix fäerdeg ass, gëtt de Choral online iwwer d'Facebooksäite vum INECC a vum 100,7 publizéiert, wéi och op 100komma7.lu an e gëtt an der Emissioun Resonanzen diffuséiert.