Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Brainstory - Peach Optimo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng imaginär Orchesterrees

London Symphony Orchestra

Eng imaginär Orchesterrees

Originell, kreativ a vill Humor: De Joseph Haydn erstaunt säi Publikum nach 200 Joer no sengem Doud. De Simon Rattle invitéiert, dee fir hie "wahrscheinlech am meeschten ënnerschate Komponist" bei enger imaginärer Orchesterrees nei kennenzeléieren.

auto_stories

3 min

De Joseph Haydn gehéiert zu der scho bal helleger Klassik-Trias "Beethoven-Mozart-Haydn". An trotzdeem beschreift den Dirigent Simon Rattle hien als ënnerschate Komponist. Firwat? Seng Musek steet oft ganz am Ufank vu Concerten, souzesoen als musikaleschen Amuse-bouche. Vläicht läit dëst un der Längt vu senge Sinfonien. Mat 20 bis 30 Minutten si si bei wäitem net esou imposant wéi eng duebel esou laang Bruckner-Sinfonie.

Vläicht läit et awer och um Charakter vun de Stécker. Duerch dem Haydn säi wuelbekannten Humor, dee sech a ville vu senge Wierker erëmspigelt, gëtt seng Musek dacks als net esou seriö wéi zum Beispill déi vum Beethoven ugesinn, bei där jo ëmmerhin d'Schicksal héchstperséinlech un d'Dier klappt. An trotzdeem soll een dem Haydn seng Musek net ënnerschätzen. Fir de weltbekannte Komponist nei z'entdecken, huet de Simon Rattle elo eng Compilatioun vun "zukunftsweisenden" an ausgefalene Stécker - gréisstendeels Extraiten aus ganze Wierker - zesummegestallt.

Extremer, déi zesumme passen

107 Sinfonien, 24 Operen a 14 Massen - dem Joseph Haydn säi Wierk ass riseg. An eben esou grouss sinn och d'Extremer, an deenen hie sech beweegt. Op där enger Säit huet hie ganz seriö Stécker geschriwwen: "Die sieben letzten Worte unseres Erlösers" oder och "Die Schöpfung". Op där anerer Säit konnt hien et awer dacks net loossen e Witz a seng Stécker anzebauen. An der 60. Sinfonie "Il distratto" (Der Zerstreute) huet hie Feeler era komponéiert, an an der 90. hëlt hien de Publikum op d'Schëpp. Den Haydn huet nämlech e falsche Schluss geschriwwen, bei deem d'Leit oft scho klappen, ouni datt d'Sinfonie eriwwer ass.

All dës Stécker fënnt een op der Kompilatioun vum Simon Rattle, ouni datt d'Bréch ze staark wieren. Obwuel d'Stécker staark variéieren tëschent Witz a Seriositéit, séier a lues, enger grousser a klenger Besetzung (dat geet vum vollen Orchester bis hin zu enger Flüttenauer), si si awer esou zesumme gestallt, datt se quasi eent an dat anert eriwwer ginn. Schlussendlech kënnt ee sech tatsächlech vir, wéi bei enger musikalescher Rees, mat lauter verschiddene Statiounen.

E Klang deen iwwerzeegt

Technesch gesinn gëtt et op dësem Disk bal näischt auszesetzen. Den Orchester ass extrem kloer, ouni awer datt en ze analytesch-transparent wier. Virun allem beandrockt, wéi gutt déi eenzel Orchestergruppen am Raum verdeelt sinn. Ee Manktem ass allerdéngs, datt et Live-Opname sinn. Bei ganze Wierker verzeit ee kleng Feeler, liicht falsch Intonatiounen an ze fréi Asätz dacks a gären, well se am Ganzen agespillt goufen an doduercher e gréissere Bou entsteet. Wann et awer lauter kleng Stécker sinn, fänken se un ze irritéieren. Alles an allem ass dëst awer just e klengen negative Punkt bei enger u sech super gelongener CD.


D'Klassik-CD vun der Woch gëtt vun zwee Memberen aus der Museksredaktioun gelauschtert. All Kéiers mëttwochs géint 14h40 diskutéiere si dann iwwer d'Opnam. Eenzel Ausschnëtter aus dem Disk ginn iwwert déi ganz Woch verdeelt am Magasinn Resonanzen gespillt.