Radioen

On air

Notturno  |  Hamid El Shaeri - Reet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng musikalesch Bibliothéik

Piano spillen, Musek lauschteren a Partiture studéieren

Eng musikalesch Bibliothéik

Am neie Gebai vun der Nationalbibliothéik fënnt een nieft Dausende vu Bicher an enger ganzer Rei Computeren och e Piano, CDen, Partituren a Bicher iwwer Musek. Zwee vun deenen, déi sech ëm de Beräich Musek këmmere sinn de de Pierre Schwickerath an de Patrick Steffen, alle Béid Mataarbechter vum Centre d'études et de documentation musicales (Cedom). De Luc Boentges huet sech mat hinne getraff, fir dat neit Gebai ënner dem Bléckwénkel vun der Musek ze entdecken.

auto_stories

4 min

Vu baussen ass et en impressionnant Gebai mat sengen dräieckege Formen, sengem Tuerm a senger laanggezunner Fassad no hannen aus. An och bannen ass d'Gebai net manner impressionnant. Eng riseg Entrée léisst een iwwer de grousse Liessall mat vill Holz un de Maueren, engem bloe Buedem an dem wäisse Plafong blécken. E bësse verstoppt, op der rietser Säit fënnt een e klenge Raum, dee ganz der Musek dediéiert ass.

Eng Salle de musique gouf et am ale Gebai net, seet de Patrick Steffen. Dëse Raum mat engem Piano ass gebaut ginn, fir datt Leit Partituren analyséieren, Nouten ausschaffen a souguer Komponéiere kënnen.

"Si kënnen dann d'Nouten huelen, si kënne si op de Piano leeën a si kënne si eng Kéier uspillen. Deen Ament, wa keen hei ass, kënne si dat vläicht och sou maachen, well de Sall ass wierklech ganz gutt isoléiert. Soss am Allgemenge leeë mir dann e Kopfhörer dohin, an da kënnen d'Leit sech d'Stéck eng Kéier uspillen an da wësse si dee Moment, wéi d'Stéck opgebaut ass."

Dëse Musekssall läit direkt bei der ëffentlech zougänglecher CD-Sammlung. Iwwer 3.000 eenzel CDe stinn hei an duebeler Ausféierung, eng Kéier fir auszeléinen, eng Kéier fir op der Plaz ze lauschteren. Et sinn Disken aus alle méigleche Genren, déi eng Gemeinsamkeet hunn: alleguerten hu si ee Bezuch zu Lëtzebuerg.

Lauschtere kann ee se och direkt, dat a klengen Audio-Kabinnen. Dora stinn e Pult, e Stull an e Computer, mat deem een déi verschidde CDe lauschtere kann. Hautparleure fënnt een allerdéngs keng. Zwar kann ee seng Musek och iwwer d'Boxe vum Computer lauschteren, besser ass et awer iwwer Kopfhörer. An och déi kann een an der Nationalbibliothéik ausléinen.

Um selwechten Niveau fënnt een dann och editéiert Partituren a Bicher iwwer Musek, wéi de Pierre Schwickerath, och Mataarbechter vum Cedom, erkläert:

"Do hu mir natierlech immens vill: Mir hu selbstverständlech d'Biographie vun deene gängege grousse Komponiste Bach, Brahms etc. Mir hunn awer och immens vill Literatur iwwer déi méi modern Musek, sief et zäitgenëssesch Musek, an dann awer och alles wat Rock, Jazz a Pop betrëfft. [...] An deem Sënn decke mir eigentlech de ganze Museksberäich of."

Vun de Regaler mat de Bicher iwwer d'Musek geet et dann iwwer e puer Trapen e Stack erof an e roude Raum, an deem een en Abléck an Dokumenter ka kréien, déi d'Nationalbibliothéik net verloossen dierfen. An dësem Raum ass eng Temperatur vun nëmme 16 Grad, fir datt déi seelen a fragil Dokumenter kee Schock kréien, wa si aus dem klimatiséierte Magasinn kommen. Wat am Summer vläicht ganz angenehm ass, bedeit awer, datt een un e Pullover muss denken, wann een en Dokument gären e bësse méi laang wëllt consultéieren.

An dësem Sall kritt een net nëmmen Abléck an Dokumenter, déi een am viraus reservéiert huet, mee et fënnt een och hei Bicher iwwer d'Lëtzebuerger Musek. Ënner anerem de Lëtzebuerger Musekerlexikon, wéi de Pierre Schwickerath erkläert: "Eleng schonn d'Déckt vun deem Buch seet Iech, wéi räichhalteg eigentlech eis lëtzebuergesch Musekszeen nach ëmmer war."

Eng Musekszeen, op där hir Tracen een an der Nationalbibliothéik goe kann.