Radioen

On air

Notturno  |  Michael Hurley - Are You Here For The Festival

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ First Breath After Coma: Frësche Wand aus Portugal

Visuelle Post Rock

First Breath After Coma: Frësche Wand aus Portugal

Si gleewen un d'Format vum Album. Dofir hu si e Film zu hirem neie Wierk "NU" realiséiert. Hir Musek ass tëschent Post Rock,Soundtrack a Pop nëmme schwéier ze klasséieren. Dësen Donneschdeg si First Breath After Coma am Gudde Wëllen.

auto_stories

2 min

First Breath After Coma kommen aus där klenger Stad Leiria, dat läit an der Mëtt tëschent Porto a Lissabon. D'Musekszeen wier ganz aktiv, seet de Roberto Caetano. "Et ass eng gutt Plaz fir nei Projeten a Gruppe fir hir Carrière ze starten."

First Breath After Coma ass och e Song vun der texanescher Post Rock Band Explosions In The Sky. Am Ufank hätte si Cover-Versioune vun anere Gruppe gespillt, erzielt de Roberto Caetano. D'Sich no enger eegener musikalescher Identitéit wier hinne schwéier gefall. De Song vun Explosions In The Sky wier deen éischte Post Rock Track, dee si héieren hätten, an dat hätt si enorm inspiréiert fir hiren eegene Sound ze fannen.

Awer virun allem d'Bedeitung vum Numm hätt hinne gefall. "Et ass wéi en Neiufank", seet de Roberto. "Ee Joer laang ware mir wierklech depriméiert. Dat war wéi e frësche Wandstouss fir eis".

Dat spigelt sech och am Titel vum neien Album erëm, deen heescht "NU". "Op Portugisesch heescht dat 'plakeg'. Et bedeit och 'nei'. An op Dänesch heescht et 'elo'." All déi Bedeitunge géifen d'Bestriewunge vu First Breath After Coma ënnersträichen, fir bei hirer Musek just un de Moment ze denken.

D'Band bedauert, datt Musek haut virun allem mat Singele funktionéiert, an d'Format vum Album u Wichtegkeet verléiert. Dofir ass "NU" e visuellen Album. Dee ganze visuellen Aspekt dovun hu si och selwer realiséiert. Eng Geschicht wëlle si awer net erzielen. "Mir wëlle Gefiller exploréieren. Ganz einfach, normal Gefiller, déi jiddweree kennt.Trauregkeet, Depressioun, Freet ... Dat kennt jiddwereen, awer jiddwereen erlieft et anescht."


De Marc Clement am Gespréich mam Roberto Caetano vu First Breath After Coma

Lauschterenplay_arrow