Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Friddenslidd a Welthit

200 Joer "Stille Nacht"

Friddenslidd a Welthit

Virun 200 Joer (24.12.1818) gouf dat bekanntst Chrëschtlidd iwwerhaapt an der Kapell zu Oberndorf eng éischte Kéier gesongen. Haut gëtt et et an iwwer 330 Sproochen.

auto_stories

3 min

Ee Friddenslidd war "Stille Nacht" schonn am Joer 1816, wéi de Joseph Mohr den Text geschriwwen huet. Europa hat grad déi napoleonesch Kricher an de Wiener Kongress hanner sech. D'Mënschen hunn nees lues a lues de Wee an een normaalt Liewen ouni Krich an Zerstéierung fonnt - dat allerdéngs an engem politesch a geographesch neien Europa. Mariapfarr, déi Por, an där de Joseph Mohr déi Zäit am Déngscht war, huet staark ënner dem Réckzuch vun de bayreschen Truppe gelidden.

Op dësem historesche Fong ass also den Text vu "Stille Nacht" och ze deiten. An och bal 100 Joer méi spéit huet déi einfach Melodie fir e puer Stonnen an den Trancheeë vum Éischte Weltkrich e puer Stonne Fridde bruecht. Als Friddenslidd gouf "Stille Nacht" 2011 an d'Lëscht vun den immaterielle Kulturgidder vun der UNESCO opgeholl.

Wien ass den Auteur?

Ëm d'Originnen an d'Uropféierung vum Lidd gouf et laang munch Legenden. Dat eenzegt schrëftlecht Dokument, dat mir hunn, ass d' "Authentische Veranlassung", déi de Komponist Franz Xaver Gruber 1854 - also bal 40 Joer no der Première - geschriwwen huet:

"Es war am 24. Dezember des Jahres 1818, als der damalige Hilfspriester Herr Josef Mohr bei der neu errichteten Pfarre St. Nicola in Oberndorf dem Organistendienst vertretenden Franz Gruber ein Gedicht überreichte, mit Ansuchen eine hierauf passende Melodie für 2 Solostimmen sammt Chor und für eine Gitarre-Begleitung schreiben zu wollen."

Firwat just eng Gittar als Begleetinstrument? Den Uergelpositiv an der Niklos-Kierch zu Oberndorf war an engem miserabelen Zoustand. De Franz Xaver Gruber war de Schoulmeeschter a Koschter am Nopeschduerf Arensdorf an huet geleeëntlech och als Organist zu Oberndorf ausgehollef. De Joseph Mohr gouf 1817 Hëllefspaschtouer zu Oberndorf. Hie war fir déi Zäit een zimlech fortschrëttlech Geescht, wat ëm Schwieregkeete mat sengen Déngschthäre gemaach huet. Et ass jo och erstaunlech, dat de Mohr een däitschen Text geschriwwen huet, also sech fir d'Vollekssprooch entscheet huet an enger Zäit, wou d'Latäin déi eenzeg liturgesch Sprooch war.

Et huet ronn 15 Joer gedauert, bis "Stille Nacht" aus deem verschlofenen Dall an d'ganzt Land a schliisslech an d'ganz Welt komm ass. Dat huet et engem Zillertaler Uergelbauer ze verdanken, deen d'Lidd 1832 zu Leipzig als "Tiroler Lidd" gespillt huet. 1833 gouf "Stille Nacht" an enger Sammlung vun "Echten Tiroler Liedern" eng éischte Kéier gedréckt. Vun den Auteure gouf guer net méi geschwat. De Joseph Mohr war scho laang an enger anerer Por, de Franz Xaver Gruber Schoulmeeschter zu Hallein.

Grouss Ausstellung

Fir den 200. Anniversaire gouf am Salzburgerland speziell eng Stille-Nacht GmbH gegrënnt, déi déi meescht Evenementer ronderëm de Jubiläum koordinéiert. Mat derbäi sinn ënner anerem sämtlech sougenannt Stille Nacht-Uertschaften, Dierfer, déi an der Geschicht vum Lidd eng ganz besonnesch Roll spillen. D'Haaptevenement ass déi grouss, dezentraliséiert Landesausstellung, déi sämtlech Aspekter iwwer a ronderëm d'Chrëschtlidd beliicht.

Stille-Nacht-Challenge

Déi éisträichesch Ambassade zu Lëtzebuerg hat fir den 200. Gebuertsdag vu "Stille Nacht" eng Challenge ausgeschriwwen. Veräiner oder Eenzelpersounen sollten een originelle Video produzéieren. Dës Videoe sinn op Youtube "Stille Nacht Challenge 2018" ze gesinn. Iwwer een ëffentleche Vott gëtt elo déi originellst Produktioun gesicht.