Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher - Sol

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Future Islands: "Zesummen als Artiste gewuess"

Synth Pop

Future Islands: "Zesummen als Artiste gewuess"

Dem Sam Herring seng Danz-Verrenkungen an der Show vum David Letterman si legendär. Awer Future Islands hu vill méi ze bidden. Um neien Album "The Far Field" exploréiere si weider d'Méiglechkeete vun hirem originelle Synth Pop. E Gespréich mam Bassist William Cashion iwwer d'Geheimnis vum Future-Islands-Sound, iwwer d'Liewen am Tour-Bus an iwwer Verschwörungstheorien.

auto_stories

8 min

YS: D'Musek vu Future Islands gëtt op där enger Säit natierlech duerch dem Sam Herring seng Stëmm definéiert. Op där anerer Säit hunn Är Instrumenter ee ganz spezifesche Klang. Dee gëtt der Band eng Identitéit, eng Originalitéit. Äre Sound ass schwéier ze beschreiwen. Wéi schaaft Dir dëse Sound? Wéi eng Elementer si wichteg? Ginn et Grenzen, bannent deenen Dir Iech beweegt?

WC: Am Ufank war Kraftwerk eng grouss Influenz. Mir hunn deemools just Keyboards benotzt. Am Haus, wou mir geprouft hunn, stoung eng Bass-Gitttar am Eck. Ech hunn d'Instrument geholl an einfach mol bei e puer Lidder Bass gespillt. D'Kombinatioun vum Bass, de Keyboards an den Drum Machines huet direkt richteg cool geklongen. Sou si mir zu eisem Sound komm.

Mir kléngen awer och esou, well keen dat mécht, wat hie virdru gemaach huet. De Sam war e Rapper, deen ugefaangen huet ze sangen. De Gerrit ass am Fong e Metal-Gittarrist, dee richteg shredde kann. Hien huet sech selwer bäibruecht fir Keyboard ze spillen. An ech sinn e Gittarist, dee Keyboard wollt spillen an um Enn Bass spillt. Mir sinn all op eisen Instrumenter gewuess, iwwerdeems mir zesumme Lidder geschriwwen hunn. Mir sinn als Kënschtler an déi selwecht Richtung gewuess.

Wien ass fir de Sound Design vun de Synthesizere responsabel?

D'Synthesizere sinn dem Gerrit seng Welt. Vill vun de Sounds, déi hie benotzt, huet hie selwer geschaaft. Do gëtt et zum Beispill ee Sound, dee mir vill benotzen, dat ass einfach e Sample vum Gerrit senger Stëmm. Et ass am Fong "Aaaaaaaa", mä et géif een ni mengen, datt et seng Stëmm ass. Reng technesch gesi séngt hien also op ville Lidder Backing Vocals.

Kraftwerk war eng grouss Inspiratioun fir Future Islands

De Klang vun Ärer Bass-Gittar ass och ganz speziell. Dir benotzt vill Effekter, zum Beispill Chorus?

Jo, ech hu rezent vill Chorus agesat. Live benotzen ech och vill Delay a Fuzz. Dee Post Punk-Sound ass wichteg fir eis, wou de Bass ebe bësse méi vir am Mix ass, a bësse méi melodesch spillt.

Vill Leit hunn 2010 ugefaangen Iech ze suivéieren, wéi Dir "In Evening Air" erausbruecht hutt. Op deene méi rezenten Albume sinn d'Stécker vill méi villschichteg orchestréiert. Op "Singles" an "The Far Field" héiert ee vill méi verschidden Instrumenter. Wat war de Grond fir déi Entwécklung?

Mir wollten de Klang einfach räich, a grouss a saturéiert maachen. Awer obwuel et op deenen neie Stécker vill extra Couchë ginn, goufen eng ganz Rëtsch Layere Bléiser a Sträicher ewech gelooss. Mir haten et nach méi grouss gemaach, an dunn hu mir et zu deem editéiert, wat et elo ass. Mir sinn einfach dovu begeeschtert, fir aner Kläng z'exploréieren an aner richteg Instrumenter an de Mix ze kréien.

Mir sinn eis allerdéngs net ëmmer eens. Verschidde Bandmembere wëlle bastelen an d'Saache pushen, anerer wëllen et éischter méi einfach. Et gëtt definitiv eng Dynamik, déi no vir an no hanne geet. An dacks hu mir d'Bléiser missten zréckhuelen, fir datt si de Synthesizeren net op d'Féiss trëppelen. Et beweegt ee sech definitiv op engem schmuele Grad, wann een nei Saache wëllt probéieren.

Ech wëll definitiv eng Kéier Pedal Steel Gittar op e Future Islands Song kréien. An eisem Häerz si mir definitiv e bësse Country.

De William Cashion um Bass

A leschter Zäit hunn akustesch Drums méi a méi d'Drum Machines an ärer Musek ofgeléist. Wat ass de Grond dofir?

Wéi Future Islands 2006 ugefaangen huet, hate mir een Drummer. Hie war bis Enn 2007 an der Band. Mir hunn deemools probéiert fir aner Batteuren z'integréieren. Mä et huet ni funktionéiert. Mir waren déi Zäit vill op Tournée, an dat war wuel fir déi meescht Drummeren ze vill e grousst Engagement, wat si hätte missten agoen. 2008 hu mir dunn decidéiert, als Trio z'existéieren an d'Drum machines nees an de Mëttelpunkt ze stellen.

Bei där Band, déi mir viru Future Islands haten, Art Lord & the Self-Portraits, hate mir just Drum machines. Mir sinn also quasi nees dohinner zréckgaangen, wou mir hierkoumen. Ausser, datt de Gerrit dës Kéier d'Maschinne programméiert huet.

Mir hunn ëmmer doriwwer geschwat, fir e Batteur an d'Band ze huelen. Awer et huet bis 2013 kee Sënn gemaach. Et war vill méi einfach, fir zu dräi ze reesen. Mir hunn d'Keyboards un d'Anlag ugeschloss, an ech hat e klenge Bass-Verstäerker. Mir waren immens mobil. Ekonomesch huet et méi Sënn gemaach.

Wéi mir "Singles" opgeholl hunn, wousste mir, datt mir wéilte probéieren, fir akustesch Drums mat eranzebréngen. Mir hunn de Mike Lowry, eisen aktuelle Batteur, duerch Frënn zu Baltimore kannt. Wéi de Mike fir d'éischte Kéier an d'Prouf koum, huet hien all eis Lidder kannt. Hien hat eegen Iddie fir kleng Fills a Variatiounen, déi d'Lidder beräichert hunn.

Mir haten nach ni mat engem Batteur gespillt, deen et esou eescht gemengt huet, wéi hien, an dee sou haart geschafft huet. De Sam, de Gerrit an ech schaffe wierklech vill fir dës Band. De Mike war deen éischten Drummer, bei deem mir d'Gefill haten, datt hie genee sou haart géif schaffen, wann net souguer méi haart. Fir d'Lidder besser ze maachen.

De Mike ass e ganz wichtegt neit Element an der Band. Hie beräichert eis Live-Show. Hie setzt d'Ausruffzeechen hannert dem Sam seng Beweegungen op der Bühn. Als Bassist mécht et Spaass, mat engem Drummer ze spillen. D'Energie war schonn ëmmer an der Musek present, awer de Mike bréngt et fäerdeg, fir déi Energie no baussen ze bréngen.

Op "The Far Field" weess een net ëmmer, ob et een Drummer ass, dee spillt, oder eng programméiert Maschinn mat Drum-Samples.

Jo, de Mike ass immens tight. Mä mir hunn och nach ëmmer déi original Maschinnen an den Arrangementer. D'Stécker op de leschten zwee Albume goufe ma Drum Machines geschriwwen. An d'Batterie koum duerno.

De Michael Lowry spillt wéi eng Maschinn

Déi meescht Stécker op "The Far Field" si vum Tempo hir éischter séier a funktionéieren no engem klassesche Couplet-Refrain-Couplet Schema. Maacht Dir Versiounen, wann Dir dës Lidder live spillt?

Mir hunn driwwer geschwat, fir 12"-Single-Versiounen ze maachen, oder live-Versiounen. Awer am Fong spille mir se quasi identesch, wéi um Album. Dat eenzegt wat sech heiansdo ännert, ass den Tempo. Verschidde Lidder brauche live eng gewëssen "Urgence", fir se méi direkt ze maachen.

Ech géif gär live bëssen improviséieren. De Mike wier definitiv och dobäi. Hie kënnt och mat deene kreativen Iddien. Vläicht fänke mir geschwënn un, eis ze diversifiéieren.

Dir sidd dauernd ënnerwee. Schreift Dir och Lidder, wann Dir op Tournée sidd? Oder musst Dir Iech zréckzéien, fir ze komponéieren?

Mir hunn ni Lidder geschriwwen, wa mir ënnerwee waren. Mir soten eis ëmmer, datt mir dat just doheem kéinte maachen. An deene leschten zwee Méint hu mir allerdéngs domat ugefaangen. Den Ament hu mir souvill Zäit, wéi nach ni an de Concertssäll. Mir hunn iwwer zwou Stonne fir Soundcheck ze maachen. Nodeems de Mix an der Rei ass, jamme mir dacks.

Mir hu mëttlerweil e gudde Grapp voll Iddien, un deene mir geschafft hunn. Ee Lidd ass och scho fäerdeg, a mir spillen et live. Et ass nach fréi, an d'Lidd kann nach änneren, bis et verëffentlecht gëtt. Vläicht kënnt et och ni eraus. Awer dee Song huet eis all e kreative Boost ginn. Et ass och fir d'éischt, datt de Mike um Songwriting bedeelegt ass. Hei geschéien also vill Saache gläichzäiteg.

Virun zimlech genee engem Joer hunn d'Vereenegt Staaten den Donald Trump als hiren neie President gewielt. Hat dat an iergend enger Form en Afloss op Är Musek?

D'Lidder vun "The Far Field" waren zu deem Zäitpunkt scho fäerdeg. Mir waren am Studio, wéi hie gewielt gouf. Mir hunn also keng Lidder doriwwer geschriwwen. Ech hoffe just, datt et kee Krich gëtt.

De Sam Herring war fréier Rapper

Wann Dir ausserhalb vun de Vereenegte Staate spillt, hutt Dir dann den Androck, datt d'ëffentlech Meenung sech par Rapport zu Ärem Land verännert huet?

Ech weess et net. Och bei eis doheem fënnt jiddereen, datt et eng chaotesch Situatioun ass. Mir ware genee sou verwonnert, wéi de Rescht vun der Welt, datt dee Kärel gewielt gouf.

Mä ganz éierlech, ech kennen näischt vu Politik. Dat Geschir mécht mir Angscht. Ech mengen, datt d'Mënsche souwisou keng ze mellen hunn, an datt d'Decisioune vu méi groussen, geheime Kräfte geholl ginn. Dat ass iergendee Verschwörungstheorie-Shit, an dat ass wahrscheinlech guer net wouer. Déi Aner aus der Band liesen d'Zeitung a suivéieren d'politesch Aktualitéit. Ech probéieren net ze vill dovun ze liesen. Ech sollt mech méi engagéieren. Ech sollt méi wëssen. Ech si wahrscheinlech dee Falschen an der Band, wann Dir wëllt iwwer Politik schwätzen.

Déi lescht Fro ass wahrscheinlech méi einfach ze beäntwerten: Wéi eng Musek lauschtert Dir den Ament?

Den Don Slepian hunn ech rezent entdeckt. Dat ass fréi elektronesch Musek, déi ech den Ament vill lauschteren. Virun allem Nuets, am Bus. Da gëtt et en neien Album vum Colleen, deen ass wierklech fantastesch. Dee koum um Ufank vun dëser Tour eraus, an deen hunn ech wierklech vill gelauschtert. Deen neien John Maus lauschtere mir vill am Backstage. An Zack Mexico, déi elo mat eis op Tour sinn. Si sinn de Soundtrack vun dëser Tournée. Si ginn eis all Owend déi néideg Energie, ier mir op d'Bühn ginn. Si sinn eng richteg cool Rock-Band.


Gespréich mam Bassist William Cashion, opgeholl den 9. November am Atelier:

William Cashionplay_arrow