"Replicas" war ee vun de wéinegen Albumen, déi d'Welt verännert hunn. Human League, Orchestral Manoeuvers In The Dark oder Depeche Mode haten alleguer nom Gary Numan Succès. Hien huet d'Dier opgemaach.
Ob sou eng Verännerung am Pop haut nach eng Kéier méiglech wier? Jo, seet de Gary Numan. Awer hie géif net gesinn, wéi dat sollt goen. Et wier éischter sou, datt d'Museker ëmmer nees dat géife widderhuelen, wat schonn existéiert. Si géifen no hanne kucken, amplaz no vir.
Deen neien Hype vun analoge Synthesizere kann de Gary Numan net verstoen. "Ech war do, firwat sollt ech déi al Synthesizeren aus dem Schaf huelen an nees domat schaffen? Vu mir aus gesinn ass dat keng besonnesch spannend Entwécklung." Hie wier u Kläng interesséiert, déi een nach net géif kennen.
Donald Trump
Op sengem neien Album "Savage (Songs From a Broken World)" zeechent de Gary Numan, wéi sou dacks, d'Bild vun enger dystopescher Welt. Awer seng nei Story ass méi staark an der Realitéit verwuerzelt, wéi soss. De Backdrop ass eng global Dréchent, ervirgeruff duerch d'Äerderwiermung a Reliounskricher ënner de Wüstevëlker. Op d'Fro, ob et e politesche Message gëtt, äntwert den Numan: Donald Trump.
Wéi hien Enn 2015 ugefaangen hätt um Album ze schaffen, hätt den Trump sech fir d'Wahle positionéiert. "Hien huet iwwer verschidden Traitéë geschwat. D'Paräisser Ofkommes war dat, wat mech am meeschte beonrouegt huet. Hie sot, dat wier onfair fir Amerika, an datt mir eis géifen do erauszéien, wann hie géif President ginn." Den Niveau vun Onwëssenheet hätt hie schockéiert, seet de Gary Numan.
Happy Birthday, Gary Numan
Wat den Trump méi Succès gehat hätt, wat den Numan méi Lidder geschriwwen hätt. D'Resultat kann een um neien Album héieren. Nom Album soll iwwregens e Buch kommen. Wann d'Carrière als Museker eriwwer wier, géif hie sech gär als Auteur lancéieren, seet de Gary Numan.
Deen aktuelle live-Set wier net immens nostalgesch. "Et dréint sech haaptsächlech ëm dat, wat ech momentan maachen, oder wat ech a leschter Zäit gemaach hunn. Mä et ginn e puer Blécker an d'Vergaangenheet gehäit."
Den Dag virum Interview krut de Gary Numen 60 Joer. Dorop hätt hie sech net gefreet, seet hien. Awer et wier um Enn e schéinen Dag gewiescht, seng Fra wier do gewiescht a seng bescht Frënn, an de Publikum hätt him Happy Birthday gesongen.
Lauschtert dat ganzt Gespréich mam Gary Numan, den 9. Mäerz 2018 an der Kulturfabrik