Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geknupps aus der Garage

NBLR

Geknupps aus der Garage

Op der éischter Single vum neie Lëtzebuerger Duo NBLR gëtt sech haart ameséiert. Zwee Post-Rock Kolleege hu sech wärend der Pandemie mat verstréckte Loops beschäftegt, an hunn hirt Gléck fonnt.

auto_stories

2 min

Den Interview mat NBLR

Lauschterenplay_arrow


NBLR huet sech aus den Äsche vun der Band Anti-Fragile erginn. De Gittarist Philipp Colling a Batteur Andrea Calamida hunn décidéiert hir Léift fir Post-Rock als Duo weiderzeféieren. Nëmmen zu zwee ze musizéieren huet och nei Dire fir si opgemaach. "Dat bescht am Duo ze spillen ass wéi séier mir kënne Lidder maachen", esou de Philipp Colling. Am Proufsall géing et onkomplizéiert a produktiv hirgoen. Als Duo hätt een eng gutt Basis fir zesummenzeschaffen. "Ech ka genau vertrauen dass den Andrea dat mécht wat e soll, an hie kann drop vertrauen dass ech dat maachen wat ech soll".

D'Musek vun NBLR besteet zu engem groussen Deel vu Loops, déi live agespillt ginn. "Mir wollte vun Ufank un keng Computere benotzen, keng Studiotrickserei maachen". Op hiren Opnamen kritt een deemno déi nämlecht Experienz wéi op engem Live Concert gebueden. Live ze loopen wier scho liicht opreegend vu datt ee rhythmesch immens präzis muss sinn. Bis ewell wär op hire Concerten nach keng "Loop Catastrophe" entstanen.

"Energie a Geknupps" - esou beschreift NBLR hir éischt Single "Flux". E Lidd, dat wéi all hir éischt Kompositiounen beim Andrea Calamida an der Garage entstanen ass. "E ganz décke Merci a Respekt un dem Andrea seng Famill déi 8 Stonnen den Dag Geknupps aus der Garage erdroen hunn", esou de Philipp Colling. Fir d'Lidd "Flux" hate se vun Ufank u Wëlles eppes méi energesches an haartes ze maachen. "Ech menge mir kruten eis Visioun, dass mer eppes maache wat e bësse méi abgeet, méi rhythmesch, méi schnell ass gutt ëmgesat", esou de Gittarist.