Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geschichten aus dem Liewen

Seed To Tree - Proportions

Geschichten aus dem Liewen

Seed To Tree sinn eng vun de wéinege Bands déi capabel sinn, engem den Otem ze huelen. Op hirem neien Album loosse si sech Zäit, si loossen hir Stécker ootmen an hetzen net vu Refrain zu Refrain.

auto_stories

3 min

Mumford and Sons war ëmmer dat grousst Virbild vu Seed To Tree. Deem ass awer net méi sou. D'Band huet maturéiert, an um neien Album gouf all onnéidege Ballast iwwer Bord gehäit. D'Museker probéieren net fir Klischeeën ze imitéieren, mee maachen eng eege Recherche.

Dobäi ass et hinnen egal, ob si eng Gittar oder e Synthesizer viru sech hunn. Déi Entwécklung zu elektroneschen Instrumenter koum interessanterweis, well hire Keyboarder d'Band verlooss hat, a si sech alleguer selwer mat Tasteninstrumenter ugefaangen hunn ze beschäftegen. D'Resultat ass kee Synthpop, awer Musek, wou Synthesizeren a Gittare gläichberechtegt sinn. Erwuessen halt.

Eng Experienz fir deelzehuelen

D'Stécker op "Proportions" probéieren net, fir ëm all Präis Hitten ze sinn. Et si subtil arrangéiert Songs, déi sech beim éischte Lauschteren am Ouer upaken an hire Bouquet no weiderer Degustatioun weider entfalen. Wat opfält si laang, flächeg instrumental Passagen. Seed To Tree loosse sech Zäit, si loossen hir Stécker ootmen an hetzen net vu Refrain zu Refrain.

De Georges Goerens erzielt Geschichten aus dem Liewen. Wahrscheinlech och aus sengem eegenen. Et huet een dacks d'Gefill, mat engem Téi am Grapp mam Sänger um Teppech ze sëtzen an ze diskutéieren. D'Bühn ass bei Seed To Tree keng Barrière, si sinn op Aenhéicht a bréngen et fäerdeg, den Nolauschterer un hirer Experienz deelhuelen ze loossen. De Sound ass zum Deel grouss a breet, awer e bleift ëmmer intimistesch.

D'Band kann nach méi

Opgeholl gouf den Album vum Charel Stolz, gemëscht gouf e vum Thomas Harsem, dee mat Gruppe wéi Intergalactic Lovers oder Still Parade geschafft huet an een Album vu Monochrome produzéiert huet. Seed To Tree wëssen, wat si wëllen, et ass eng agespillte Band mat vill Bühnenerfahrung an enger klorer artistescher Visioun. Wat op "Proportions" awer vläicht feelt, ass d'Produktioun vun engem frësche puer Oueren. Hei héiert een dat, wat d'Band sech virgestallt huet. Awer net dat, zu deem d'Band fäeg wier, wa se vun engem Produzent géif guidéiert a gepushed ginn.

Obwuel Seed To Tree schonn en Album an zwee EPen erausbruecht hunn, sti si mat "Proportions" nach um Ufank. Den Album gëtt engem en Androck vun deem, zu wat si capabel sinn. Ouni dat negativ ze mengen, ass beim Quartett nach Loft no uewen. D'Atmosphären a Klangwelten, déi si schafen, well si sech op elektronesch Instrumenter aloossen, kéinten nach méi wäit goen, de Studio kéint nach méi als grousst Instrument benotzt ginn, an eleng als Opnamgerät.

Ech erlabe mir dës Kritik, well ech un dës Band gleewen, a mir fir si wënschen, datt si mat dësem Album an deene ville gudde Songs, déi drop sinn, ganz vill erfollegräich Gigs am Ausland spillen. An datt si mat nach méi Erfarungen an nach méi enger schaarfer Visioun an de Studio ginn an en nächsten Album ophuelen, deen eis all den Otem hëlt. Well si sinn dozou capabel. An där Bands ginn et der net vill.