Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Getting Better

Paul McCartney – Flowers In The Dirt

Getting Better

Am Juni 1989 kënnt dem Ex-Beatle säin néngte Soloalbum eraus. No méi more Joren mat ënner anerem engem net iwwerzeegende Versuch och am Film ze bestoen, knäppt de McCartney mat dëser opwänneger Produktioun u fréier Succèsen un. Och mat Hëllef vun direkt néng Co-Produzenten, déi eng Hand mat upaken.

auto_stories

5 min

De Paul Mc Cartney ass e Museker, dee vum Succès verwinnt ass - ob an de Sechzeger mat de Beatles, an de Siwwenzeger mat de Wings oder Solo, och ufanks den 80er leeft et net schlecht: esouwuel "Ebony And Ivory" am Duett mam Stevie Wonder, wéi och déi gemeinsam Hitsingle "Say Say Say" mam Michael Jackson stinn uewen an den Charts.

Allerdéngs stinn d'80er och fir manner glänzend Produktiounen: dem McCartney seng Renommée kritt eng zolidd op den Deckel, wéi hien 1984 am Film an am Soundtrack versicht mat "Give My Regards To Broad Street" - e relative Flopp, dee séier an de Vergiess geréit ... an och den Album "Press To Play" vu 86 iwwerzeegt weder Kritiker nach Fans.

An de Medien heescht et séier, de fréiere Beatle hätt säi Zenit iwwerschratt, all dës Produktioune gi mat fréiere Succèse vun de Fab Four verglach - an do zitt de Mc Cartney kloer de Kierzeren.

Et däerf een also gespaant sinn, wéi d'Carrière weidergeet, wéi am Juni 1989 den aachte Studioalbum erauskënnt, betitelt "Flowers In The Dirt'. Scho bal eng lescht Chance, op d'mannst fir dem Museker säi beschiedegten Ego.

Direkt gesot: si geet beschtens weider, den Album gëtt eng Nummer 1 op der britescher Insel ... allerdéngs mat just enger klenger Hitsingle, dem Titel "My Brave Face" - wat u sech jo soss näischt aneschtes heescht, wéi datt den Album als Ganzt aschléit an ukënnt an net op Single-Auskopplungen ugewisen ass!

"Flowers In The Dirt' vum Paul Mac Cartney, dat sinn 12 Titelen, gläich fënnef dovu kommen als Single eraus ... mee et ass eng aner Zuel an eng aner Tatsaach, déi beandrockt: fir déi Dose Lidder hëlt de Mc Cartney sech d'Crème vun den 80er Produzente mat an de Studio. Net manner wéi néng Co-Produzente si mat u Bord a verhëllefen dem Album zum Erfolleg. Gutt wann ee Kolleegen huet ... an den entspriechende Budget!

Dräimol produzéiert den ex-Beatle eleng, bei deenen néng weideren Titelen ass fir all Lidd en anere Produzent zesumme mat him un der Aarbecht: absolut renomméierter - esou den Neil Dorfsmann, hien ass mat d'Garantie fir déi déi Zäit erfollegräich Bruce Hornsby-Produktiounen, den Trevor Horn ass eng Produzente-Legende, deen ë. a. fir den 80er Sound vu Yes a Frankie Goes To Hollywood steet, de Chris Hughes huet fir Tears For Fears geschafft, den David Foster fir Chicago oder och de Kenny Loggins. An och den Elvis Costello mécht mat: fir déi gemeinsam mam Mc Cartney geschriwwen Nummer "Veronica" um Costello-Album "Spike" aus dem selwechte Joer 1989 revanchéiert hie sech mat der Co-Produktioun vu gläich dräi Nummeren.

"Flowers In The Dirt": 12 Lidder, néng verschidde Co-Produzenten: do ass de roude Fuedem absolut net evident ... d'Gefoer fir esou e Release.

Et sinn déi verschidde Stäerkte vum Paul McCartney, déi den Album zesummenhalen: seng Stëmm, seng Komponistefieder an dann huet hien eben iwwerall d'Fangere mat am Spill, ob beim Komponéieren oder dem Produzéieren. Plus, et huet een et scho bei den Topnimm an der Produktioun eraushéieren: de McCartney a säi Label Parlophone loosse sech et bei der Produktioun an dem Finanzement vum Album net huelen - dat gëllt och fir d'Top-Museker, déi engagéiert ginn.

Mat dobäi ass ëmmer nach seng Fra Linda, Musekerin a Fotografin, déi och fir de Cover signéiert, dann de Gittarist Robbie Mc Intosh vun de Pretenders ("Back On The Chain Gang", "Middle Of The Road"), den Hamish Stuart, Gittarist bei der Average White Band ("Pick Up The Pieces"), mam Chris Whitten op den Drums an dem Paul Wickens op de Keyboards, spillen zwee vun de confirméierste Sessionmuseker mat, als Gäscht dauchen de Stones-Pianist Nicky Hopkins, de Pink Floyd-Gittarist David Gilmour an e puer klassesch Sträicher op.

No de méi more Mëtt 80er ass de Paul Mc Cartney mam Album "Flowers In The Dirt" erëm weltwäit ugesot an eng Nummer 1 an den Charts op der Insel bréngt bal noutgedrongen eng gréisser Tournée mat sech: just datt de Mc Cartney zanter der Opléisung vun de Wings ufangs 1981 ouni fest Band ass.

D'Léisung läit op der Hand: ganz einfach déi Museker froen, déi mat am Studio ware fir als Live-Band mat op Welttour ze goen - wat dann och geschitt. Am Sextett trëtt de Mc Cartney am September 89 fir d'Paul Mc Cartney World Tour un, eng gutt 100 Optrëtter an Europa, den USA, Kanada, Brasilien a Japan, dat bis am July 1990. Alles ausverkaf, um Programm de komplette "Flowers In The Dirt"-Album an natierlech allerhand Beatles a Wings-Kascht. E Risesuccès, queesch iwwer de Globus!

Fir de Paul Mc Cartney ass et nom leschte Wings-Concert am Joer 1976 no 13 Joer erëm eng Tour, si gëtt um Triple-Album "Tripping The Live Fantastic" an dem Concerts-Film "Get Back" ausféierlechst dokumentéiert.

Mam Album "Flowers In The Dirt" relancéiert de Paul Mc Cartney 1989 seng Carrière, déi eng Grëtz un d'Stottere gerode war. D'Kritike si gutt bis ganz gutt, et wier Zäit gewiescht, esou unisono, datt den ex-Beatle sech erëm senger Qualitéite bewosst gi wier.

Där ganz grousser Musek-Auszeechnunge gëtt et wuel keng, mee esouwuel bei de Brit Awards ass den Album 1990 nominéiert - "My Brave Face" fir de beschte Video - wéi och bei de Grammyen, dëst an der Kategorie "best engineerd non classical album", hei mat ë. a. dem Tom Petty sengem "Full Moon Fever" an der Madonna hirem "Like A Prayer" ... gewannen sollt awer - e bëssi iwwerraschend - d'Linda Ronstad mat "Cry Like A Rainstorm, Howl Like The Wind".

De Paul Mc Cartney ass deemno erëm am Circuit: nom uschléissende Succès vun der Live-Tour produzéiert de Clip-Sender MTV ufanks den 90er mat him hirer typescher Unplugged-Albumen een: zu där Zäit den trendy Ritterschlag!

Dëse 14. Juli kënnt dem Sir James Paul McCartney säin aachte Live-Album eraus, "Amoeba Gig": e Concert, dee schonn 2007 zu Hollywood opgezeechent gouf a bis ewell nach net a kompletter Längt (21 Lidder) um Maart ze kréie war.