Radioen

On air

Trendscheif  |  Thurston Moore - Rewilding

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Groove deen iwwerzeegt

Nana Adjoa - Big Dreaming Ants

Groove deen iwwerzeegt

D'Nana Adjoa - Eng jonk hollännesch Musekerin mat Originnen am Ghana, huet e Freideg hiren offiziellen Debut erausbruecht. "Big Dreaming Ants" beschäftegt sech mat existentielle Froen a sicht no de groussen Zesummenhäng.

auto_stories

2 min

D'Nana Adjoa ass eng experimentéiert Multi-Instrumentalistin. Gittar, Perkussioun, a sëlleg Tasteninstrumenter sinn hir bekannt. Mee d'Musekerin vun Amsterdam ass an éischter Linn eng Bassistin. Iddien bënnt si instinktiv unhand vun déiwen Téin zesummen. Hir atmosphäresch Pop-Ambiancen kréie mat hire fléissende Bass-Linnen den néidege Groove. Hire Sound beweegt sech tëscht organesch a synthetesch. Natierlech Kläng vun enger Conga treffen op déi kontrolléiert Sequenze vun enger drum-machine. Déi verschiddenst Texturen a vill-schichteg ryhthmesch Elementer sinn d'Grondsteng, iwwer déi der Nana Adjoa hir raucheg Stëmm sech vill Zäit huele kann.

Der Nana Adjoa hirem Albumtitel no si mir all Seejomessen déi grouss dreemen. D'Musekerin alteréiert tëscht mikroskopesch a makroskopesch Bléckwénkel. Beschäftegt sech mat perséinlechen existenzielle Problematiken awer och de groussen Zesummenhäng. Op "National Song" hannerfreet si blannen Nationalismus. Wéi eng kulturell Identitéit vun Traditioun ageengt ka ginn. Dës Thematik ënnermoolt d'Nana Adjoa mat epesche Synthesizer Kläng an enger lassgeléister Performance. Méi intimistesch geet et op "Every Song" hir, wou den éiwege Kampf mat Originalitéit ganz direkt duergestallt gëtt. Déi ënnerlech Sich no enger Stëmm no enger Iddi gëtt mat vill Reverb a verflechte Vocalharmonien verklanglecht.

Hir ghanaesch Originnen éiert d'Nana Adjoa mat engem Cover vum Ebo Taylor sengem "Love & Death". Den Ebo Taylor - eng Musekslegend aus dem Ghana deen zanter de 50er zum Sound vun Afrobeat an Highlife bäidréit. Di pulséierend Bass-Melodie gouf bäibehalen, mee der Nana Adjoa hir lëfteg Produktioun an duuss Stëmm droen zum Erfolleg vun dëser eegener Interpretatioun bäi.
"Big Dreaming Ants" zitt a vill Richtungen an hannerfreet villes op grouss oder kleng. Fir en Debut kënnt d'Musekerin poséiert an erfueren eriwwer. Si huet op alle Fall hire Wee fonnt an um Album den Zwiespalt tëscht Individuum a Kollektiv iwwerwonnen.