Radioen

On air

Tockcity  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grouss Finall virun iwwer 1.600 Leit

Orchestre Philharmonique a Spuenien

Grouss Finall virun iwwer 1.600 Leit

Den OPL huet e Sonndeg seng Tournée duerch Spuenien um "Palacio de Festivales de Cantabria" zu Santander ofgeschloss. Virdrun huet den Orchester zwee Concerten um "Quincena Musical" gespillt.

auto_stories

3 min

Während engem Mount am Joer verwandelt sech San Sebastian an de musikaleschen Zentrum vu Spuenien. Um Festival "Quincena Musical" ginn dann nämlech iwwer 90 verschidden Opféierungen ugebueden.

Zwee Concerte goufen dëst Joer vum Orchestre Philharmonique du Luxembourg gespillt. Leschte Freideg stoung e Sinfonie-Concert mat russesche Komponisten um Programm. An e Samschdeg dem Giuseppe Verdi säi grousse Requiem. De Gustavo Gimeno, Chefdirigent vum OPL, kennt de "Quincena Musical" Festival schonn zënter ville Joren. "Fir mech ass et dee Prestigiéisten an en ass bekannt fir déi vill international Artisten an Orchesteren."

Programm

Um Programm stoungen ënnert anerem dem Seguei Prokofjew säin drëtte Pianosconcerto, fir deen den Alexander Gavrylyuk als Solist engagéiert gi war. Och dem Dimitri Schostakowitsch seng éischt Sinfonie an d'Original-Versioun vum Modest Mussorgsky sengem Wierk "Eine Nacht auf dem kahlen Berge" goufe gespillt.

Während deem éischte Concert hätten d'Leit tëschent an zum Deel souguer während den eenzele Sätz applaudéiert. Dem Schostakowitsch seng éischt Sinfonie wier beim Publikum net esou bekannt, seet de Gustavo Gimeno,

"An der Musek si verschidden abrupt Wiesselen a Stop-Momenter. Verschidde Leit hunn dat als Schluss interpretéiert. A si waren esou enthusiastesch an hunn de Concert esou genoss, datt se applaudéiere wollten. Mä dat ass an der Rei. Um Schluss zielt, datt de Sall gefëllt war a mir enthusiastesch Reaktioune kruten. An dat ass dat, wat mir brauchen."

"Orfeón Donostiarra" Chouer

Beim zweete Concert stoung dunn dem Verdi säi Requiem um Programm. Dofir huet den OPL sech d'Ënnerstëtzung vun engem grousse Chouer aus San Sebastian geholl, dem Orfeón Donostiarra. Ee vun de Schwéierpunkte vum Festival wier nämlech d'Chouermusek, seet de Patrick Alfaya, Direkter vun de "Quincena Musical". An dat géing mat enger baskescher Traditioun zesummen hänken.

Den Orfeón Donostiarra ass ee vun deene bekanntste Chéier aus Spuenien. Mä doriwwer eraus huet sech dësen Ensembel an deene leschte 15 Joer a ganz Europa en Numm gemaach. Zemools duerch seng Kollaboratioune mat international bekannten Orchesteren.

Zesummenaarbecht mam Chouer?

No zwou Prouwen a virum éischte Concert mam Verdi sengem Requiem, ass de Gustavo Gimeno vum Chouer iwwerzeegt. Et schéngt festzestoen, datt den OPL och an Zukunft nees mam Orfeón Donostiarra wäert optrieden. Mä och fir de Chouer ass dës Opféierung eppes ganz Besonnesches, seet de Gustavo Gimeno.

"De Verdi-Requiem ass och e Stéck, dat si immens gutt kennen. Si hunn et tatsächlech scho mam Claudio Abbado a mat de Berliner Philharmoniker opgefouert, dovunner gëtt et eng bekannt Opnam. Dofir ass et ëm esou méi besonnesch et hei, an hirer Heemechtsstad, opzeféieren."

Och d'Museker si vun der Zesummenaarbecht mam Chouer iwwerzeegt. Ee qualitativ-héichwäertegen a beandrockenden Ensembel, deen trotz senger Mass en immens schéine Piano hätt, seet de Philippe Koch, Konzertmeeschter vum OPL.

Virdeeler vun enger Tournée

"Eng Tournée ass gutt fir een Orchester, well all Owend Concerte sinn. Et muss een all Owend an Topform sinn. Dat ass net evident, wéinst de Reesen an den zwee Programmer", seet de Chefdirigent vum OPL. D'Tatsaach, datt ee Concertsprogramm méi wéi eng Kéier gespillt gëtt, trainéiert zwar op där enger säit d'Konzentratioun, op där anerer Säit bedeit et awer och eng gewëss Schwieregkeet.

"Wann een um Virowend ganz gutt gespillt huet, freet ee sech, wéi een owes genee sou gutt spille kann. Wat kann ech maachen, fir e bëssen eppes z'änneren an interessant ze bleiwen?" Eng Tournée géif awer och méi eng staark a stabil Bezéiung opbauen. Net nëmmen als Museker, mä als Kollektiv, als Orchester, esou de Gustavo Gimeno. An eng Tournée géif d'Visibilitéit vum Orchester baussent Lëtzebuerg fërderen.

Ee vun de groussen Ziler vum OPL ass et nämlech, sech och am Ausland en Numm ze maachen an als internationalen Orchester bekannt ze ginn, esou de Gustavo Gimeno. Déi nächst gréisser Tournée vum OPL ass fir Januar d'nächst Joer geplangt. Da geet d'Rees duerch Däitschland, Éisträich an Italien.