Radioen

On air

De Moien  |  Foals - 2001

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Rees duerch d'Vergaangenheet

Album vun der Woch

Eng Rees duerch d'Vergaangenheet

No fënnef Joer Abstinenz ass de Singer/Songwriter James Mercer zréck mat senge Shins. "Heartworms" heescht deen neien Album, dee viru knapp zéng Deeg op den internationale Marché komm ass. Déi etheresch Atmosphär erënnert un d'Zäit virun 2010, der Renaissance vum alternativen Indie Pop.

auto_stories

2 min

(Foto: © Sony Music)

"Heartworms" dierft bei ville Leit en Nerv treffen, deen ee scho laang vergiess huet. Den Album behandelt d'Thema vun der Onschold, awer och d'Vulnerabilitéit déi e bëssen a jidderengem vun eis drastécht. "Heartworms" kuckt zréck a charakteriséiert Momenter aus der Vergaangenheet, invoquéiert eng Zort Nostalgie aus der pre-2010 Ära, d'Zäit vun der Renaissance vum alternativen Indie Pop.

Instrumenter an Text: Perfekt ofgestëmmt

Wa mer scho vun Nostalgie am Kontext vun "independent music" schwätzen, läit och hei de Schwéierpunkt um Synthesizer, deen aussergewéinlech subtil awer catchy kléngt. E bësse mat engem jonke Kand ze vergläichen, dat seng léifsten Téin um Clavier ëmmer an ëmmer erëm erklénge léisst. D'Gittare produzéiere faarweg Kläng. Mat "Heartworms" schafen d'Shins eng etheresch Atmosphär, Daydreaming gëtt hei grouss geschriwwen.

De Shins hire leschten Opus fonctionnéiert gutt, well déi scho bal kanneresch Instrumentaliséierung an déi méi ausgefeilten Texter perfekt iwwertenee stëmmen. Stécker wéi Mildenhall, Fantasy Island an Half a Million projezéieren een zréck an d'Zäit vun der onschëlleger Kandheet.

Dorunner gekoppelt sinn déi ignorant an domm Decisiounen, déi een an deem Alter hëlt an als Erwuessenen eréischt realiséiert. Trotz den iwwerluechten Texter ass dem Frontmann John Mercer säi Songwriting simpel genuch, fir en ouni Weideres ze verstoen. Domat ass "Heartworms" engem breede Public zougängeg, vu Mainstream kann een allerdéngs net schwätzen.

Vun der Kandheet an d'Erwuesse-Sinn

Eng Rei Titele kéinten dem Nolauschterer op den éischten Zoch eppes ze vill ähnlech kléngen. Eng zweet Ecoute geet awer schonn duer, fir deen ausbalancéierten Tracklisting ze verstoen an d'Lidder auserneen ze halen. Variatioun a Struktur ännere sech virun allem bei den zwee leschten Titele "Rubber Ballz" a "So What Now".

Virun allem "So What Now" ass speziell, well een hei op Texter a Passagë stéisst, déi een aus der Kandheet, aus der Jugend rappen an zréck an d'Realitéit beamen. Hei kënnt den Eescht an d'Bewosstsinn vum Erwuessenen ervir. An déi ginn, bekanntlech, Hand an Hand mam Enn vun der Kandheet. Domat si mer jo dann och um Enn vum Album.

Déi ganz Opmaachung vun de Shins hirem fënnefte Studio Album "Heartworms" mécht ee virwëtzeg, genee esou wéi een et deemools als Kand war. Eng Reminiszenz un all eis Kandheet, gutt oder schlecht, keen huet se ganz vergiess. "Heartworms" ass den Titeltrack vum 100,7 Album vun der Woch, deen ënnert Columbia Records publizéiert gouf.