Radioen

On air

Notturno  |  East Coast Love Affair - Date With The Rain Feat. Peter Hunningale & L. Ross

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hop Along - Bark Your Head Off, Dog

Album vun der Woch

Hop Along - Bark Your Head Off, Dog

Am Indie Rock gëtt ee just nach seelen iwwerrascht. Déi meescht Gruppe gi sech domat zefridden, bekannte Klischeeën ze widderhuelen. Hop Along gi méi wäit. Der Band vu Philadelphia hiren neien Album "Bark Your Head Off, Dog" iwwerrascht duerch seng Eegewëllegkeet a Komplexitéit. Den Yves Stephany presentéiert den Album vun der Woch.

auto_stories

3 min

Vill Rock-Albume loosse sech an engem Saz resüméieren: Grooveg Rythmus-Sektioun, schmanteg Gittarsriffs, Refraine fir matzesangen. Bei Hop Along ass dat alles net sou einfach. Obwuel een et mat engem Quartett mat Gesank, zwou Gittaren, Bass an Drums ze doen huet, erfuerdert deen neien Album mat Momenter vill Opmierksamkeet. Hop Along ginn net ëmmer dee séierste Wee fir um Zil unzekommen, dofir awer deen Interessantsten.

Et ass ganz kloer der Frances Quinlan hir eenzegaarteg Stëmm, déi engem direkt an d'Ouer spréngt. Et kléngt, wéi wann d'Sängerin a Songwriterin et géif fäerdeg bréngen, gläichzäiteg ze hauchen an ze jäizen. Si ass fragil awer kräfteg, fräi, awer determinéiert. Genee wéi hir Texter, déi dacks klénge wéi ee Bewosstsinnsstroum, deen op Pabeier festgehale gouf a weider gesponne gouf. Et kritt ee perséinlech Abléck an der Sängerin hir Psyche, Fantasien an Erfarungen, woubäi d'Deitung dem Nolauschterer iwwerlooss ass.


Et wier awer falsch, Hop Along just op d'Frances Quinlan ze limitéieren. Déi dräi Männer hanner der inspiréierter Musekerin si vill méi wéi just eng Begleedung. All Bandmember steiert spannend an eegewëlleg Iddien zum Gesamtkonschtwierk bäi.

Den Joe Reinhart hëlt engem als Säitenakrobat ëmmer nees op eng subtil Manéier den Otem. Do, wou aner Gittaristen e Grapp voll Akkorde géifen ënner d'Stëmm leeën, danzt hie virtuos iwwer d'Grëffbriet a léisst säin Instrument opbléien. Dobäi ass hien ni opdränglech oder penetrant technesch. Alles ass perfekt maîtriséiert an alles geschitt am Déngscht vum Song.

Dat selwecht gëllt fir den Tyler Long um Bass. Och hie versteet et, op deene richtege Plazen Akzenter ze setzen, e Fëllement ze sinn an trotzdem ëmmer nees mat der Stëmm, oder mat der Gittar ze dialogéieren.

De Marc Quinlan un den Drums bréngt et fäerdeg, déi eenzel Elementer vun den deels komplexe Kompositiounen zesummen ze schweessen, ouni selwer op raffinéiert Spillereien ze verzichten. Wann et drop ukënnt, geheit hien awer all onnéidege Ballast iwwer Bord a verhëlleft de Songs zu där néideger Accessibilitéit.

"Bark Your Head Off, Dog" gouf vun der Band selwer produzéiert a kléngt éierlech. Et ass Schmackes, Definitioun a Komplexitéit an der Opnam, awer si ass net opgeblosen. D'Instrumenter kommen an hirer natierlecher Einfachheet zur Geltung. D'Backing-Vocals vun der Gaascht-Sängerin Chrissy Tashjian an déi omnipresent Sträicher sinn d'Kiischt um Kuck vun dësem wonnerbaren Album. Wat elo nach feelt, ass eng Europa-Tournée.