Radioen

On air

Notturno  |  The Velvet Underground - Stephanie Says

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Hug Of Thunder" vu Broken Social Scene

Album vun der Woch

"Hug Of Thunder" vu Broken Social Scene

Si haten ni dee selweschte Succès wéi Arcade Fire - och wa si 2010 mam Album "Forgiveness Rock Record" Efforten a Richtung Stadion-Rock gemaach hunn. Trotzdem si Broken Social Scene eng vun deene wichtegsten Indie Rock-Gruppen aus Kanada. No siwe Joer melle si sech elo zréck mat engem Album, deem säin Numm Programm ass.

auto_stories

3 min

Broken Social Scene ass méi wéi eng Band. Et ass e Kollektiv vu kanadeschen Indie-Museker aus dem Donstkrees vun de Museker Brendan Kenning a Kevin Drew an deem sengem Label Arts & Crafts. 1999 hunn déi zwee de Projet an d'Liewe geruff. D'Musek vu Broken Social Scene war Ufanks quasi just instrumental a relativ roueg. Mat dobäi ware Leit wéi d'Leslie Feist oder den Evan Cranley vu Stars. Zimlech séier si weider Musekerinnen a Museker a Sängerinnen a Sänger dozou gestouss. De Projet huet sech vun Album zu Album verännert. Zwëschent néng a 17 Leit waren all Kéiers bedeelegt.

2010 huet d'Entwécklung vu Broken Social Scene mat Forgiveness Rock Record e Peak erreecht. Obwuel den Album vum Tortoise-Member John McEntire produzéiert war, huet d'Band manner experimentéiert a sech relativ accessibel gewisen. Den Album krut gréisstendeels gutt Kritiken, awer den Esprit vum Hippie-Kollektiv ass iergendwéi op der Streck bliwwen.

Keen einfache Songwriting-Prozess

Deen neien Album huet nach ëmmer Momenter, déi un de Bruce Springsteen erënneren. Awer Broken Social Scene funktionéieren nees als Kollektiv. 15 Musekerinnen a Museker sinn op "Hug Of Thunder" ze héieren. Jo! 15! An alleguer hu si d'Stécker mat geschriwwen. A sëllechen Interviewen erkläert de Kevin Drew, datt de Prozess vum Songwriting net einfach war. An dat héiert een um Album.

D'Arrangementer sinn op ville Plazen därmoossen zou tapezéiert mat Couchë vu Gittaren, Bléiser, Synthesizeren a Stëmmen, datt ee beim beschte Wëllen näischt méi eraushéiert. Awer et ass genee dee Soundbräi, déi déck Zopp, déi Broken Socuial Scene ausmécht. Eng massiv a schaarf Batterie trount iwwer dem Wall of Sound a suergt fir Struktur an Definitioun. Déi feeënhaft Stëmme schwiewen am Sound-Geflecht.

Kaum klassesch Pop-Arrangementer

Fir d'Produktioun zeechent den Joe Chiccarelli responsabel, deen zënter de fréien 80er mat ganz verschiddenen Artisten zesummegeschafft huet. Dorënner Nimm wéi Frank Zappa, Minus The Bear, Jason Mraz oder Boy & Bear. Et soll och hie gewiescht sinn, deen de Kevin Drew ëmmer nees soll motivéiert hunn, fir seng Equipe dach endlech zesummenzetrommelen, heescht et um Site um Label.

Och wann op där éischter Halschent Titele wéi "Halfway Home", "Protest Song" oder "Vanity Pail Kids" Indie-Hymne fir matzesange sinn, fënnt ee kaum klassesch Pop-Arrangementer. Mantra-méisseg ginn Deeler widderholl an unenee gereit. Deen zweeten Deel vum Album ass vill méi subtil an experimentell, an erënnert méi un déi fréi Aarbecht vun de Kanadier.

Dat zentraalt Element an den absoluten Highlight um Album ass den Titeltrack "Hug Of Thunder", mat der Leslie Feist um Gesang. Et ass deen eenzegen Titel, an deem de Chaos engem Arrangement mat Dramaturgie Plaz mécht.

Statement fir Léift an haarden a chaoteschen Zäiten

D'Emily Hanes, d'Amy Millan an d'Leslie Feist hu sech d'Roll um Mikro vu Broken Social Scene ëmmer opgedeelt. Et ass ëmmer déi Sängerin agesprongen, déi grad Zäit hat. Um neien Disk sinn déi dräi Fraen ze héieren. Doduerch gëtt de klangleche Spektrum nach méi breet.

"Hug Of Thunder" ass e Statement fir Léift an haarden a chaoteschen Zäiten. De schwieregen, kreative Prozess hannert dem Wierk kann een als Effort verstoen, fir ze verdäitlechen, datt Frëndschaft an Zesummehalt méi staark si wéi Gewalt, Krich an Terror. "Hug Of Thunder" ass, wann ee wëllt, e Plädoyer fir Anarchie.

Et ass keen Album, deen ëmmer Sënn mécht. Et ass eng Aarbecht mat Widderspréch, déi Froen oppe léist. Et hat jo och ni ee behaapt, et géif einfach ginn.