Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Impossible Return - Nei Single vun Irina

Musek made in Luxembourg

Impossible Return - Nei Single vun Irina

Wënscht Dir Iech och heiansdo, nees kënne Kand ze sinn? Iwwer d'Onbeschwéiertheet vum Kandsinn, an de Wonsch nees zu deem Gefill zeréck ze fannen handelt den neie Song vun der Lëtzebuerger Band Irina.

auto_stories

2 min

Irina Holzinger

"Et geet drëm sech heiansdo zeréck zéien ze kënnen an d'Kandheet, wou ee sech nach net sou vill Gedanken huet misste maachen iwwer bestëmmte Saachen", seet d'Irina Holzinger. Grad wärend der Corona-Pandemie hätt ee sech ëmmer nees gewënscht, suergefräi kéinten ze liewen.

Wa si un hir Kandheet géif erënneren, géif si un déi Momenter denken, wou si am Gaart souz a mat enger Tennisrackett sou gemaach hätt, wéi wa si Singer-Songwriterin wier, seet d'Irina Holzinger.

D'Bün wier fir d'Band déi Plaz, déi si géif zeréck bréngen an dat Gefill, keng Suergen ze hunn. Ausserdeem wier ee "fräi vum Bléck vun deenen aneren." Musek géif d'Leit ouni Virurteeler zesumme bréngen, änlech wéi dat bei Kanner de Fall ass.

D'Lidder aus dësem Zyklus wieren onofhängeg vun der Pandemie geschriwwe ginn. Well si awer am Summer 2020 opgeholl goufen, géif d'Band se trotzdeem domat a Verbindung bréngen. Vill Saache géifen och thematesch an dës Zäit passen.

Nächst Single kënnt geschwënn

Obwuel de Sextett eng fest Equipe ass, dréit d'Band den Numm vun der Sängerin. Ufanks hätt si d'Musek effektiv komplett eleng geschriwwen, seet d'Irina Holzinger. "Mëttlerweil komponéiere mir awer wierklech zesummen." Dat hätt ee mat der Zäit geléiert, sou datt ee lo net mat engem fäerdege Song, mee mat Iddie géif an d'Prouf kommen.

Fir dat véiert Lidd, dat bei dëser Session entstanen ass, géif momentan e Video realiséiert ginn. Eng Release wier fir Mëtt Oktober/Ufank November virgesinn. Den nächsten Optrëtt vun Irina ass dëse Samschdeg, 25. September am Sang a Klang, am Kader vum Öko Festival.