Radioen

On air

E-Lodie  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Impressionistesch Toile vun engem Dad-Rocker

Walter Martin - The Bear

Impressionistesch Toile vun engem Dad-Rocker

Op "The Bear" kuckt de Walter Martin verdreemt a poetesch op seng Vergaangenheet zeréck. Seng Zäit mat der Indie Rock Band "The Walkmen" gëtt ugeschwat. Awer och säi Familljeliewen um Land. En Dad-Rocker reminiszéiert.

auto_stories

2 min

Seng Band "The Walkmen" ass 2013 leider op en Enn komm. Zanterhier ass de Walter Martin eleng ënnerwee. En huet e puer Placke mat Kannermusek produzéiert, an ass rezent vun New York an d'Land gezunn - mat Fra, Kanner, Hénger an esou virun.

"The Bear" bitt awer méi wéi de romantesche Folk-Dram. En ass elo méi gemittlech drop, kuckt vill no hannen, a wéi et eis och dacks geet wa mer al Fotoen, al Dokumenter vun eis nees un d'Dagesluucht bréngen: et erkennt ee sech heiansdo schwéier erëm.

"I had a dream that I was in a mid-level rock'n'roll band / played every shit-hole nightclub across the whole entire land", séngt hien um Titel "The Bear". Wou e bis erwächt, ass e frou, datt en dat Liewen hannert sech huet.

En ass elo vläicht al, aarm an huet eng Glatz, mee seng Lidder waren nach ni esou staark wéi op senger neier Plack.

Prezis Sprooch trëfft op verdreemten Téin

Eegenen Aussoen no wollt de Walter Martin op senger neier Plack méi labber schreiwen, wéi e Moler un d'Arbecht erugoen. Seng Texter sinn awer ganz konkret, fir unzepaken, schwätzen ee mat direkter Sprooch un.

D'Musek ass par conter schéin impressionistesch. Zemools de Piano vum Emile Mosseri ass hei ervirzehiewen. 2020 huet dësen de Soundtrack fir de Film "Minari" komponéiert, an déi verdreemten Ambiance dréit hien och dem Walter Martin senge touchanten Indie-Folk-Skizze bäi. "Dës Lidder erkläre wien ech sinn a firwat ech dës Saach maachen", schreift den Amerikaner.

Et lount sech bis eranzelauschteren. Vläicht erkennt ee sech dann awer nees an den alen Zeilen, den alen Akkorden bis erëm.