Radioen

On air

Al Schanken  |  Doyle Bramhall - I Can See Clearly Now

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kann een nach Michael Jackson lauschteren?

Leaving Neverland

Kann een nach Michael Jackson lauschteren?

"De Michael Jackson huet mech siwe Joer laang sexuell mëssbraucht", seet de Wade Robson direkt am Ufank vum Documentaire "Leaving Neverland". De Film suergt zanter senger éischter Diffusioun virun zwou Wochen op der amerikanescher Tëlee fir Opreegung. Wat ass drun, un den neien Aussoen iwwer de King of Pop, a wéi geet een domat ëm?

auto_stories

3 min

"Leaving Neverland" ass en eesäitegen Documentaire. En dréit véier Stonne laang ëm d'Aussoe vum James Safechuck a Wade Robson, déi behaapten, de Michael Jackson hätt si sexuell mëssbraucht. Ganz explizit erziele si, mat villen Detailer, vun hirer Relatioun mam Popstar. Niewent deenen zwee direkt Concernéierte kommen och Familljememberen zu Wuert, virun allem hir Mammen.

Et gëtt net probéiert, d'Aussoen a Fro ze stellen oder ze widderleeën, et kënnt kee Verdeedeger vum Michael Jackson zu Wuert. Dëse Film vum Englänner Dan Reed huet net den Usproch, eng komplett recherchéiert, journalistesch Aarbecht ze sinn. Et ass en Dokument, dat bewosst eng Säit weist, an et dem Spectateur um Enn iwwerléisst, ze uerteelen. Dat dréit sécher och dozou bäi, datt de Film sou kontrovers diskutéiert gëtt.

Raffinéiert psychescht Spill

Déi véier Stonnen, mat den ausféierleche Beschreiwunge vun de pädophillen Akten, an dem raffinéierte psychesche Spill vum Jackson hëlt engem den Otem. De Sänger wéckelt net just d'Bouwen, mee hir ganz Famill mat sengem Charme, sengem Fame a vill Bling Bling ëm de Fanger.

Datt Elteren hir siwe Joer al Jonge bei engem erwuessene Mann am Bett schlofe loossen, datt si hiert Kand Deeg laang eleng bei deem Mann op senger komescher Ranch an der Wüst loossen, ass net nozevollzéien. Jo, de Michael Jackson war bigger than life, an huet am Fong net méi wierklech wéi e Mënsch ausgesinn. Awer hie war keen Alien, mee e ganz kranken a gestéierte Mann mat vill Suen an enormer Muecht.

Glafwierdeg Aussoen

Datt sou oppen iwwer Pädophilie geschwat gëtt, ass nei, an et ass richteg an noutwendeg. Et ass eng Konsequenz vu metoo. Et ass méi wéi iwwerfälleg datt Mënschen, déi vu méi staarken a mächtegen ënnerdréckt, ausgenotzt a mëssbraucht ginn, sech traue fir de Mond opzemaachen. Nëmme wa sou Tabue gebrach ginn, kënne mir zu méi enger gesonder Gesellschaft ginn.

Jo, ech gleewen deenen zwee Männer. Fir kee Geld an der Welt géif e Mënsch véier Stonne laang ëffentlech iwwer sou krass humiliant Faite schwätzen. De Wade Robson ass ee vun de bekanntste Choreografen am Pop-Zirkus, deen hätt dat net néideg.

De Personnage ass Deel vum Wierk

Kee Mënsch géif sech eng riseg Ranch an der Wüst bauen, mat Vergnügungspark an iwwerall verstoppte Schlofzëmmeren, a Schief, wou ee sech u klenge Jonge ka vergräifen, ausser en ass pädophil. Et mécht einfach alles total Sënn.

Ech fannen och, datt de Michael Jackson e puer vun de beschte Pop-Songs geschriwwen huet. Awer ech wäert déi ni méi kënne lauschteren, ouni mussen un déi Jongen ze denken, an dat wat de Sänger mat hinne gemaach huet. Et kann een d'Wierk vum Michael Jackson net komplett vu senger Persoun trennen.

De Michael Jackson ass net vun engem Geriicht veruerteelt ginn. Sou laang dat net de Fall ass, muss ee vu senger Onschold ausgoen. Wann een dëse Film gesinn huet, kritt een awer op d'mannst e komescht Gefill an de Bauch, wann een e Song vum Michael Jackson héiert. Dat wëlle mir eisen Nolauschterer net zoumudden. Fir mat eiser Museksprogrammatioun net déplacéiert ze wierken, héiert Dir an dëser Period ronderëm d'Sortie vum Film manner Musek vum verstuerwenen US-Sänger.