Radioen

On air

De Moien  |  Yves Stein

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Komponiste fuerdere Quote fir lëtzebuergesch Musek

Kulturpolitik

Komponiste fuerdere Quote fir lëtzebuergesch Musek

Zéng Prozent lëtzebuergesch Kompositiounen um Radio an op der Tëlee duerch gesetzlech geregelt Quote fuerdert d'Federatioun vun den Auteuren a Komponisten. Doduerch versprécht ee sech méi Recetten duerch d'Ausschëdde vun den Droit d'auteuren.

auto_stories

4 min

De Roby Steinmetzer an de Maxime Bender diskutéieren iwwer d'lëtzebuergesch Kulturpolitik.

D'Flac fuerdert d'Aféiere vu Quoten op lëtzebuergesche Radio- an Tëleeschaînen. Zéng Prozent Musek vu lëtzebuergeschen Auteure sollt der Federatioun vun de Lëtzebuerger Auteuren a Komponisten no am Programm gespillt ginn. D'Flac erhofft sech méi Recette fir d'Komponisten duerch d'Ausschëdde vun den Droit d'auteuren.

Well Musek just nach géif gestreamed an net méi kaaft ginn, kéint de Verloscht vun deene Recetten duerch méi Presenz um Radio opgefaange ginn, seet de Roby Steinmetzer, President vun der Flac.

"Wann eng Firma, wéi RTL, zeg Millioune vum Staat kritt, pro Joer, da kéint ee vläicht vun deene verlaangen, datt se géifen en Effort maachen."

Och am Kulturentwécklungsplang geet vu Quoten um Radio an op der Tëlee rieds.

Lëtzebuergesch Museker an de Medien

An de Medie géif insgesamt net genuch iwwer lëtzebuergesch Museker geschwat ginn, seet de Saxophonist Maxime Bender. Hien ass Vizepresident vun der consultativer Kommissioun vun der Sacem.

"Wann d'lëtzebuergesch Nationalequipe zu San Marino 3:0 gewënnt, da si véier Deeg d'Zeitunge voll. Wann iergend e Museker an der Elbphilharmonie spillt, wat eigentlech am Verglach d'Champions League ass, dann ass ee klengen Artikel am Lëtzebuerger Wort, eventuell."

Duerch Mediatisatioun kéint e Starfacteur entwéckelt ginn. Doduerch géif méi iwwer lëtzebuergesch Kreatioun geschwat ginn, a Quote wiere vläicht guer net néideg, esou de Maxime Bender.

Nach keen neie Congé culturel

2014 gouf de Congé culturel ofgeschaaft. Déi deemoleg DP-Kulturministesch Maggy Nagel hat versprach, datt dee sollt duerch en neie Congé ersat ginn. Dat ass awer nach ëmmer net de Fall.

"Ech fannen et eng grouss Connerie, dat ofgeschaaft ze hunn", seet de Maxime Bender. Déi meescht Museker géife Coursen niewebäi halen a wieren op de gudde Wëlle vun hiren Direkteren ugewisen, fir kënnen am Ausland Concerten ze spillen.

Op där enger Säit géif et vun der Politik de Wonsch ginn, datt d'Zeen sech professionaliséiert, an et géif en Exportbüro geschaaft ginn. Op där anerer Säit géif den Outil vum Congé culturel ofgeschaaft ginn. "Mir musse schaffe goen niewendrun, am Moment. A wa mir et wierklech wëlle professionell maachen, da muss dee Congé culturel och nees kënnen agefouert ginn."

Reorganisatioun vum Kulturministère

D'Flac hofft, datt et an där nächster Legislaturperiod nees en dediéierte Kulturminister gëtt. D'Responsabilitéit kéint momentan tëschent dem Minister an dem Staatssekretär hin an hier gedréckt ginn, seet de Roby Steinmetzer. Et géif och keen Direkter oder Premier Conseiller méi ginn, mee e Cabinet ministériel. Et géif am Ministère kee kloren Uspriechpartner ginn.

Personalméisseg misst am Kulturministère opgestockt ginn, seet de Maxime Bender. An enger Stad wéi Metz géife wesentlech méi Leit op deene Plaze schaffen, wéi dat zu Lëtzebuerg fir d'ganzt Land de Fall wier.

De Creative Cluster géif ganz vill fir de Secteur maachen, seet de Roby Steinmetzer. Dee géif awer vum Wirtschaftsministère gesponsert ginn. Et géif si erstaunen, "datt de Kulturministère dat einfach aus der Hand gëtt."

Keng Start-uppe fir Museksberuffer

An de leschte fënnef Joer gouf vill a Start-uppen investéiert, an et goufen Incubateure fir d'Kreativwirtschaft geschaaft. Fir Museker wiere just Proufsäll gebaut ginn, seet de Maxime Bender. Dat géif awer net duergoen.

"Fir professionell ze ginn, brauchs de Leit ronderëm. E Museker sëtzt net nëmmen doheem a spillt (a mengem Fall) Saxophon vu moies bis owes. Mee e sëtzt haaptsächlech fënnef bis sechs Stonnen hanner dem Computer a probéiert säin Netzwierk ze spanen."

D'Schafe vun enger Intermittence fir Museksmanager wier eng konkret Mesure, déi de Maxime Bender sech kéint virstellen.