Den Applaus tëschent de Songs feelt. Awer d'Energie stëmmt. "Mir stinn an engem Krees, wéi eng grouss Bull aus Feier", seet de Sänger Thomas de Hemptinne. Wa kee Publikum do wier, fir Impulser zeréck ze ginn, géifen d'Museker sech géigesäiteg deen nonverbale Feedback ginn, deen op Concerte sou wichteg ass, erkläert de Bassist Alexis Den Doncker.
Déi véier jonk Museker sinn e perfekt agespillt Team. Mat vill Fangerspëtzegefill danze funky Akkorde vun de Gittaren iwwer den zolitte Groove vun der Rhythmussektioun. Déi analog Synthesizere vun Tommy Onraedt suerge fir déi néideg Déift, an d'Gesangsharmonië sinn dezent awer op de Punkt.
D'Musek vu Great Mountain Fire drängt sech zu kengem Moment op, déi véier Protagonisten handelen zu all Abléck am Déngscht vum Song. Trotzdeem hu si permanent den Dancefloor am Viséier.
Hir Approche erënnert mat Momenter un déi vun The Whitest Boy Alive: D'Gefill vun elektronescher Danzmusek mat den Instrumenter vun enger Rockband z'iwwersetzen.
Schwéier Gebuert vu "Movements"
D'Arrangementer vum neien Album "Movements" wieren entstanen, wéi d'Band op Tournée war, erkläre si am Interview mam 100,7. De Longplayer sollt am Mee erauskommen. Doraus gouf näischt, an och déi verréckelt Release am September am Botanique huet misste gestreamt ginn.
"Dat hei war definitiv besser", seet den Alexis Den Doncker nom Concert. "Interessanterweis spiert een, datt Leit um Radio nolauschteren", sou den Thomas de Hemptinne. De Quartett hofft, "Movements" am Mee 2021 endlech mat engem physesche Publikum kënnen ze deelen.
D'Aircheck Session an der Kulturfabrik war hiren éischten Optrëtt zu Lëtzebuerg. Si wéilten onbedéngt zeréckkommen, sou d'Museker wéi si hir Instrumenter an de Van alueden, fir zeréck op Bréissel ze fueren.