Radioen

On air

Notturno  |  Rhucle - Slow Wave

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Led Zeppelin 2: Kommerzielle Risesuccès

Déjà Vu

Led Zeppelin 2: Kommerzielle Risesuccès

Viru genee 50 Joer koum en eraus: Led Zeppelin 2, den zweete Release vun der Band an zugläich de Startschoss fir eng eenzegaarteg Carrière, déi iwwer Joerzéngte sollt goen. De Fred Medernach resuméiert den Album.

auto_stories

5 min

Bei Led Zeppelin ass sech net laang ausgerout ginn nom Release vum Debutalbum am Januar 1969 - zéng Méint méi spéit scho kënnt de Successeur op de Maart. Heescht den Debut einfach "Led Zeppelin", esou dréit den Nofolger de grad esou onkomplizéierten Numm "Led Zeppelin 2".

Méi ustrengend sinn dogéint d'Opnamen: si strecke sech iwwer bal aacht Méint an d'Band ass dofir an net manner wéi néng verschiddene Studioen, zu London, New York, Los Angeles a Vancouver.

Rock a Blues

D'Band besteet aus Jimmy Page, haaptsächlech Gittaren a geleeëntlech Gesang, Robert Plant, Gesang a Mondharmonika, John Paul Jones, Bass, heiansdo Uergel a Backing vocals, esou wéi dem Drummer John Bonham, och hien heiansdo Begleetstëmm. Gäscht gëtt et keng um Album.

Den Duo Page/Plant dominéiert, generell am Bandliewen, och am Schreiwen. Et fënnt een awer och gemeinsam Kompositioune vun de véier Museker, zweemol gi si sech bei de Bluesmann Willie Dixon inspiréieren.

Esou gëtt "Led Zeppelin 2" en Album voll gepaakt mat Rock, speziell Gittarerock, e puer Folkelementer an enger zolitter Schëpp Blues.

D'Kombinatioun vu Rock a Blues op "Led Zeppelin 2" begeeschtert d'Fannen - woubäi een Titel all Mënsch d'Ouere spëtzen deet: där Rockeger een, mat engem Gittareriff vum Jimmy Page - deen och Produzent ass - deen an d'Rockgeschicht ageet: "Whole Lotta Love" huet där Introen eng, déi op éiweg hänke bleiwen. Plus e Mëtteldeel, wou de Säiteklang mat allerhand Elektronik verfriemt gëtt a fir e reegelrecht Gittarendonnerwieder suergt. Dofir brauch d'Band wäit iwwer fënnef Minutten - ze laang fir déi üblech a gewinnten dräi-Minutte-Single ... mee trotz Beméiunge vun hirem Label Atlantic refuséiert Led Zeppelin eng gekierzte Versioun.

Page a Plant

Dofir gëtt et Problemer mat de Radiostatiounen, fir déi den Titel an d'Kategorie Iwwerlängt fält, mee d'Band bleift stur - och wann Atlantic paralell zum Album dann dach eng dräi-Minutte-Versioun op de Maart bréngt, vun där d'Museker sech unisono distanzéieren. "Whole Lotta Love" - ganz oder guer net ... inklusiv also dem experimentelle Mëtteldeel, deen de Page a Klengaarbecht am Studio mam Touningenieur Eddie Kramer - deen och fir den Hendrix geschafft huet - zesummemëscht andeems hie mat Effekter a Soundverfriemunge virgeet.

Vill Gittarenaarbecht deemno, mat zousätzlech enger stëmmlecher Performance vum Robert Plant, déi bei dësen duerchduechte Sound passt a praktesch wéi en Instrument agesat gëtt. Page a Plant: déi zwee passen einfach zesummen!

Onstëmmegkeete gëtt et beim Umelle vum Titel: hei vergësst d'Grupp de Willie Dixon a säi "You Need Love" unzeginn, en Titel, deen een duerchaus als Virlag fir de Song kann ugesinn - op d'mannst ass dat d'Meenung vum Geriicht, dat 19 Joer no der Publikatioun vum Album, 1987, eng Klo vum Dixon akzeptéiert: et eenegt ee sech aussergeriichtlech.

Och mol manner rau

Op "Led Zeppelin 2" - wéi op praktesch sämtleche Releasë vun der Grupp - ass et d'Wiesselspill tëschent den zwee Haaptprotagonisten Jimmy Page a Robert Plant, wat fir de Repertoire charakteristesch ass.

Besonnesch de Robert Plant ass Folk- a Bluesfan, ausserdeem Literaturfan. Hien ass dann och fir d'Texter zoustänneg, ëmmer méi op dësem Album, bal exklusiv op deenen nächsten, quitte datt dacks déi ganz Band an der Klammer hanner dem Lidd steet.

De "Lord Of The Rings" Auteur J.R.R. Tolkien ass esou Inspiratioun fir d'Lidd "Ramble On", dat zu de Klassiker, de greatest Hits, vun der Grupp zielt, de Plant bezeechent de Song als "my baby", deen him speziell um Häerz läit. D'Gittareparte sinn natierlech d'Saach vum Page a senger Les Paul, woubäi de Gittarist virun e komplizéierte Wiessel gestallt gëtt, wann d'Stéck soll live gespillt ginn: den Iwwergang vun der akustescher op déi elektresch Gittar ass fléissend, ouni Break fir en Instrumentewiessel, dofir ass "Ramble On" dann och praktesch ni an engem Concert ze héieren, op d'mannst net an der LP-Versioun vu "Led Zeppelin 2".

Op "Ramble On' ass dat feint Gitarrespill vum Page wuel eng Grëtz manner spektakulär, wéi z. B. op "Whole Lotta Love". De Luef fir seng Prestatioun op dësem Titel ass awer unisono.

De Blues huet Traditioun

De bluesegen Deel an d'Folkelementer op "Led Zeppelin 2" kënnt net onerwaart: schonn um Debutalbum vun de Britte si bei den Auteuren Willie Dixon an J.B. Lenoir fir de Blues, Anne Bredon a Bert Jansch fir de Folk, ze fannen.

Anescht awer wéi dacks bei Mëtt Siechzeger populäre Britblues, proposéiert d'Band e vill méi subtille Sound an ausgeschafften Arrangementer, setzt op d'Gittarevirtuositéit vum Jimmy Page, dee vu brachial bis filigran alles drop huet a léisst dobäi de Rocksound vun Hendrix, Cream oder och den Who matafléissen. Besonnesch duerch dem Page seng Riffen awer och dem imposanten Drumset vum Bonham am Hannergronnd, kënnt de Begrëff "heavy sound' bei de Musekerkolleegen an de Medien op.

Interessant ass och, wéi d'Band selwer hir Virléifte gesäit: de Bassist John Paul Jones mengt, de Bonham wier soul and motown gewiescht, hien géing op jazz and classical stoen, de Page op rockabilly, blues and folk an de Plant op blues and Elvis. Bal net ze gleewen, ergänzt hien ... et kann een deem zoustëmmen!

E Loftschëff hieft of

"Led Zeppelin 2" gëtt vum Verkaf hier e Risesuccès - wéinst der Musek awer och der massiver PR-Campagne, déi Atlantic Records scho virum Album Release mam Loftschëff start: "Led Zeppelin - The only way to fly" heescht et, duerno "Led Zeppelin 2 - Now Flying", wat, zesumme mam exzellenten Debutalbum, d'Virverkafszuelen op 400.000 Exemplairen dreift.

Déi lescht offiziell Verkafszuel: 16 Milliounen - fir d'ganz Carrière mat allen Albume geet ee bis haut vu ronn 300 Milliounen Led Zep-Venten aus! 2014 gouf et e Re-Release a staark verbesserter Tounqualitéit - wat virun allem de Gittaren ze guttkoum, a wat "Led Zeppelin 2" op en Neits bis op d'Nummer néng an den Charts bruecht huet.

Tiptop Venten deemno, mee schonn irritéierend Kritiken, alle virop an de States, wou zwee Haaptaflëss a Saache Rockmedien, de Rolling Stone an de Village Voice manner positiv sinn, vu wéineg Ofwiesslung schreiwen an net vill kënnen ufänke mam subtil heavy wäisse Blues vun der Grupp. Woubäi de Rolling Stone allerdéngs d'Joer dono mengt, den Album dann awer ze verstoen, mat der Erkenntnis: "Led Zeppelin simply out-heavied everyone".