Radioen

On air

Notturno  |  The Düsseldorf Düsterboys - Füße

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Keen hypermaskulinen, chauvinistesche Britpop-Opgoss"

Album vun der Woch

"Keen hypermaskulinen, chauvinistesche Britpop-Opgoss"

Mat der Welt ass eppes net an der Rei, dat dierft allgemeng bekannt sinn: An Afrika gëtt weiderhin Honger gelidden, an den USA beweist den aktuelle President all Dag, datt dee virleschte President jo wierklech guer net esou domm war. De Weekend koum dunn och nach d'Nouvelle, datt d'Alzenger Oktoberfest dëst Joer ausfält. Dir verstitt, et war scho laang net méi esou schlecht ëm eis bestallt wéi elo.

auto_stories

3 min

Ironescherweis mellt sech grad dann deen am meeschte virulentsten, kriteschsten a vläicht och béisaartegsten englesche Museksjournalist, fir deem ganze mat engem Popalbum als Remède entgéintzewierken. Dëse Mann heescht Neil Kulkarni. Hien ass zënter laanger Zäit fräiberuffleche Journalist an huet ënner anerem fir de legendäre Melody Maker geschriwwen, esou wéi och de Simon Reynolds.

Mä dat just niewebäi. Haut bedreift hien nieft sengem Schreiwes e Blog mam Numm F.U.N.K. - Fuck You Neil Kulkarni. Hei kroopt hien, wann et passt, al Artikel eraus oder leet säi Pefferkär zu Bands an Ähnlechem bäi. Ouni an den Detail ze goen: Hie ka richteg poignant béis ginn. Och als perséinlech Medezin huet hien eng Band an d'Liewe geruff: The Moonbears. Zënter enger Zäitchen flattert en zweeten Disque duerch d'Welt. Ëm genee dee soll et goen am Album vun der Woch.

Intellektuell a pophistoresch iwwerlueden

D'Musek vun de Moonbears ronderëm de Kulkarni aus dem englesche Conventry ass immens schwiereg ze beschreiwen. E Mënsch, Mann oder Fra, dee mat Musek lauschteren an iwwer d'Musek nodenke säi Brout verdéngt, ka beonrouegend Musek maachen. Beonrouegend am Sënn vun intellektuell a pophistoresch iwwerlueden, schwéierfälleg a ganz a guer net fir ze genéissen.

Esou Musek gëtt et natierlech vill. Beim Kulkarni a senge Matmuseker ass awer genee de Géigendeel de Fall. Natierlech strotz d'Musek voller Referenzen aus der bal exklusiver britescher Popgeschicht. Mä keng Angscht: Vum hypermaskulinen, chauvinistesche Britpop-Opgoss si mer bei de Moonbears esouwäit ewech, wéi vum Oktoberfest 2017 zu Alzeng.

"Referenz-Pop mat Glam an Northern Soul Influenzen"

D'Referenze komme vum eigentlech méi interessanten Deel vun der englescher Museksgeschicht. Do schéngen d'Kinks duerch, proggy Jazz-Téin am Stil vu Canterbury sinn och ze héieren, méi präzis vun engem fréie Robert Wyatt Solo Wierk. De Kulkarni kléngt heiansdo mol wéi den Damon Albarn. E bëssi "Glam" hei, Northern Soulesche Bowie oder Roxy Music do. Et ass tatsächlech Referenzpop, wann een esou wëll. Mä dat kënnt hautdesdaags méi dacks vir.

"Let's Get Nice With ..." vun The Moonbears huet eppes, wat vill, wann net d'Majoritéit vun deenen intelligenten Post-Wat-Och-Ëmmer-Referenz-Bands net hunn: Nämlech eng Séil. Emphatie an den Lyrics, déi nom Liewe striewen. D'Texter fir den einfache Mann an déi einfach Fra an hir kleng Geschichten am Alldag, déi op d'mannst esou eng Gréisst hunn, wéi dat, wouriwwer am Rock soss esou gesonge gëtt.

D'Musek selwer mécht mat sengem frëschen, net agebilten an net ironeschen Asaz vu Saxophon a Klarinett einfach nëmme Spaass a gutt Laun. Dat dierf Popmusek an Zäite vun Trump an Net-Oktoberfester zu Alzeng verdammt nach mol och nach maachen, gutt Laun. An dofir soe mir dem dacks schlecht gelaunte Neil Kulkarni an de Moonbears "Merci!"