Radioen

On air

De Moien  |  Aretha Franklin - Every Girl (Wants My Guy)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Lisa Berg ass gestuerwen

Musekerin

D'Lisa Berg ass gestuerwen

auto_stories

1 min

D'Lëtzebuerger Cellistin Lisa Berg ass dout. D'Musekerin ass hënt am Alter vun 39 Joer un de Suitte vu Leukemie gestuerwen. D'Lisa Berg huet zu Maastricht um Conservatoire Cello studéiert. Scho vu 16 Joer un huet si Concerte gespillt an ass op sëlleche Festivaller opgetrueden. 2014 koum mat "White" hiren Debut-Album eraus, donieft huet si Filmmuseke komponéiert.

D'Lisa Berg war mat hirem Cello net nëmmen am klassesche Genre aktiv, mä huet sech och un de Rock-Pop-Beräich erugewot. Ënnert anerem huet si mam Bertrand Cantat zesummegeschafft op deem sengem Album "Horizons".