Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage - Basalte

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Louise Farrenc - Symphonies Nr. 2 an 3

Klassik-CD vun der Woch

Louise Farrenc - Symphonies Nr. 2 an 3

D'Louise Farrenc war eng vun deene rare Komponistinnen am 19. Joerhonnert, déi sech duerchsetze konnt. Allerdéngs krut si de Stellewäert vun hire männleche Kolleegen net unerkannt.

auto_stories

3 min

CD: Louise Farrenc - Symphonies Nr. 2 an 3

Label: Naxos 8.573706

Wierker:

  • Sinfonie Nr. 2, en ré majeur, op.35
  • Sinfonie Nr. 3, en sol Mineur, op.36
Interpretatioun:
Klangqualitéit:

Interpreten:

Solistes Européens, Luxembourg

Direktioun:

Christoph König


Nul n'est prophète dans son pays

Ënner dësem bekannte Sproch huet de Publikum vun der Philharmonie schonn 2017 an engem Concert déi drëtt Sinfonie vum Louise Farrenc entdecke kënnen. Schonn 2016 stoung der Farrenc hir zweet Sinfonie um Programm mat den SEL, och mam Christoph König um Pult. "Kee Prophéit a sengem eegene Land", e Motto, dee wuel bei dës Pianistin a Komponistin passt, et war fir si als Kënschtlerin an hirem eegene Land Frankräich an och als Fra schwéier, unerkannt ze ginn.

Donieft war si och déi eenzeg Fra, déi als Professorin am Paräisser Conservatoire agestallt war. Eng Funktioun, déi si 30 Joer laang behalen huet, och wa si déi éischt zéng Joer manner verdéngt huet wéi hir männlech Kolleegen.

D'Louise Farrenc hat sech am Alter vu 17 Joer mam Flüttist Aristide Farrenc bestuet, e Mann, dee si ënnerstëtzt an hir Wierker publizéiert huet.

Sinfonië wéi eng Sammlung vun Inspiratiounen

All hir Sinfonië stamen aus de 1840er Joren, wou zu Paräis nach kaum ee sech ëm dës Museksgattung gekëmmert huet. Och wann d'Sinfonië bei den Opféierunge Succès haten, goufe se net publizéiert. Sinfonië vun der Farrenc hunn eppes vun Hummel, Mendelssohn a Schubert, sief et an den Harmonien oder am Asaz vun den Holzblosinstrumenter.

D'Sinfonië vun der Farrenc erschéngen awer och wéi eng Sammlung oder Inspiratioun vun deene wichtegste Komponisten am Ufank vun der Romantik. Elementer aus der Klassik oder eng gekonnte Schreifweis vun den Holzbléiser à la Beethoven sinn net ze iwwerhéieren. Dat thematescht Material an deenen diverse Sätz vun de Sinfonien ass elegant presentéiert. Lyrismus an de luese Sätz, Dynamik an de Scherzi a schlussendlech vill Stäerkt an dramatesch Intensitéit an de Finale beweisen de Klangräichtum, d'Energie an de Kreativitéitsgeescht vun der Louise Farrenc.

Fazit

De Christoph König léisst säin Orchester mat vill Schwong spillen, mee behält den Ensembel am Grëff. Keng Exzesser, sief et an den Nuancen oder am Tempo. D'Präzisioun vun den Asätz gëtt erhale grad wéi d'Balance vun den eenzele Register. De Christoph König schéngt der Farrenc hir Musek am Blutt ze hunn. Hie versteet et, déi ganz Eleganz an de Charme, deen an dëse Sinfonien stécht, anzefänken an ze vermëttelen.

Vun der Opnam hier erkléngt dësen Disk transparent a räich u Faarwe mat villen Déiften als Teppech fir d'Melodieinstrumenter. Den Orchester ass op der Opnam ganz present, awer net ze vill, esou dat een all Detail matkritt.

Dës Opnam vun de Farrenc-Sinfonien ass sécher déi bescht Referenz, fir der Kënschtlerin Louise Farrenc hir Musek kennenzeléieren.