Radioen

On air

Kultur um 5  |  Edsun - Just Text

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Nach méi ambitiéis sinn - emol e puer Schong kafen ..."

Luxembourg Music Awards

"Nach méi ambitiéis sinn - emol e puer Schong kafen ..."

Gëschter Owend an der Rockhal huet de Jury fir déi éischte Kéier an zéng verschidde Kategorië net nëmmen déi prägnantste Museker vum Joer geéiert, mee och nach ganz aner Leit, déi zum kënschtlereschen Endresultat bäidroen an deenen hir Beruffszweiger zu Lëtzebuerg Form unhuelen. De Marc Clement mat Impressiounen vun de Luxembourg Music Awards.

auto_stories

2 min

Den Artist vum Joer heescht Edsun. Bei de Luxembourg Music Awards en Dënschdeg den Owend an der Rockhal krut dee jonke Pop- an R&B-Museker am ganzen dräi Auszeechnungen. "Et ass wichteg fir eis Kënschtler, et puscht eis virun", esou seng Reaktioun.

D'Luxembourg Music Awards wieren aus de Video Awards entstanen, déi bis d'lescht Joer fënnef Mol organiséiert goufen. D'Decisioun fir d'Initiativ ze erweideren, wier op d'Entwécklung vum kreative Secteur zeréckzeféieren, déi een ënnerstëtze wéilt, seet de Rockhal-Direkter Olivier Toth. "An deene leschte Jore sinn esou vill Beruffsbiller dobäikomm, datt et wichteg war, déi Aarbecht ze würdegen". Gemengt sinn déi Leit, déi ronderëm de Kënschtler schaffen, vum Video-Clip Realisateur, iwwer den Illustrateur oder Grafiker, bis hin zum Produzent.

Zéng Kategorien, Klassik an Jazz "nach e bëssen um Rand"

Am ganzen zéng Kategorië goufe geschaaft, fir engem iwwergräifende Motto gerecht ze ginn: Musek Made in Luxembourg ze belounen a méi visibel ze maachen. "D'Institutioune sinn net dat wichtegst, mee de Kënschtler, esou déi nei Kulturministesch Sam Tanson. "Och wann den Accompagnement, deen d'Rockhal a Music LX leeschten am Secteur, wéi en haut ass, immens wichteg ass". Si bedauert, datt Jazz an zäitgenëssesch Klassik fir dës éischt Editioun nach e bëssen um Rand stoungen.

Ënnerstëtzung amplaz Competioun

Competitioun sollt net am Virdergrond stoen - éischter den ënnerstëtzenden Effekt vun esou engem Präis. Do si sech Organisateuren an Nominéiert eens. All Award war deemno och dotéiert: a jee no Kategorie kruten déi kreativ Käpp tëschent 1.000 a 7.500 Euro mat op de Wee fir an hir nei Projeten ze investéieren. De Ministère de la Culture, d'Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte, de Creative Hub 1535 Déifferdéng, de Filmfong, d'Sacem an den Atelier hunn dës Dotatiounen zur Verfügung gestallt.

Déi ganz Lëscht vun de Kategorien, Nominatiounen a Gewënner fannt Dir op www.musicawards.lu.