Radioen

On air

Al Schanken  |  Russell, Calvin - All We Got Is Rock 'n' Roll

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mac DeMarco - Here Comes The Cowboy

Album vun der Woch

Mac DeMarco - Here Comes The Cowboy

De Kanadier DeMarco huet en neien, relaxen Album erausbruecht. "Here Comes The Cowboy" heescht den Disk an ass eisen Album vun der Woch. Den Tom Dockal stellt vir.

auto_stories

3 min

De Mac DeMarco ass e Slacker virum Häer. Vläicht esouguer De Slacker. Dee mat engem D-Masjuscule. Mee vläicht mécht en eis zanter Joren och just nëmmen eppes vir an huet mat de Joren eng reegelrecht Formule ausgeschafft, mat där hie Popmusek schreift a produzéiert. Jizz-Jazz, wéi hie seng ach esou formulaesch Musek genannt huet. Et bleift jiddwerengem selwer ze analyséieren, wéi een dee Stempel ze verstoen huet. Eng handfest, onanalyséierbar Informatioun ass awer elo déi heiten: dem Mac säin neien Album "Here Comes The Cowboy" ass do.

Ass et elo de véierte Longplayer oder net awer de fënneften oder sechsten? Et ass u sech wurscht. Wichteg ass ze soen, dat hien no laanger Ënnerkonft bei Captured Tracks deen neien Disk elo ganz eleng op sengem eegene Label released huet. Numm vun deem Label, haalt Iech un: Mac's Record Label. Et bleift weider einfach a sober. Eegenen Aussoen no huet hie säin neien Disk "Here Comes The Cowboy" genannt, well hien dat Wuert Cowboy einfach gäre seet. Esou einfach kann et munchmol sinn.

Dat mat der Einfachheet gëtt dem Mac elo awer an de Rezensiounen ëmmer nees virgeworf. Den Album géif esou dohiplätscheren, geet laanscht een. De Mac wier net méi bothered. E Slacker halt. Datt déi Erkenntnis net scho koum, wéi de Mac DeMarco 2012 op de Bühnen opgedaucht ass, bleift e Rätsel. Hien ass einfach, wat de Baker Man oder de Sunshine Reggaer war: Laid Back.

Hanner dëser Rou, dëser Aisance verstoppt sech awer e Museksversteesdemech, dat an dëser Form net ze ënnerschätzen ass. An ech mengen, dat dat grad wierklech vill gemaach gëtt. Et muss net all Museker ëmmer nees zéng-Meter-Spréng maachen a komplett diametral anescht Musek ophuele fir ze weisen, datt ee sech - entre guillemets - entwéckelt. Net jiddweree ka Radiohead sinn. Mee gottseidank wëllt net jiddweree Radiohead sinn. Et kann een et och maache wéi de Mac a gemittlech kleng Schrëtt maachen.

Maache mir eis näischt vir. "Here Comes The Cowboy" weist e Mac DeMarco, dee vu sengen Obsessiounen opgefriess ass. Natierlech, den Jonathan Richman Verglach ass een, deen him ëmmer nees hannendrun hänkt. Mee de Richman ass e Museker, dee mat senger musikalescher wéi textlecher Naivitéit ëmmer an ëmmer nees laanscht de Chrëschterock geschlittert ass. I'm straight, net esou wéi den Hippie Johnny. Esou eng vun de Revendicatioune vum Richman. Esou eppes wier ni eng Preoccupatioun vum Mac DeMarco. Dee beséngt ëmmer gäre ganz konkret d'Léift zu senger laangjäreger Frëndin. Besënnt sech zu sech selwer. The "Salad Days" are gone. Besënnt sech zeréck op seng Aarbecht a gëtt ze verstoen, datt hie grouss gëtt. Eegene Label an esou. Mee dann esou eppes wéi "Choo Choo".

Wien doranner e Throwaway Song gesäit wéi Pitchfork, huet näischt verstanen. Zwou Textzeilen an tight labber Instrumentéierung. Den Harry Nillsson léisst gréissen, dat éiwegt Kand, dat och schonn ëmmer d'Beatles gegréisst huet. "Take A Ride With Me", "You Can Die With Me". Eng Liewensuso. En zynesche Kommentar. Eng Zuch-Fixatioun, wéi se Pop a Folk zanter Joerzéngten huet. "Choo Choo" ass e grousse Song ouni grouss wëllen ze sinn. An dann déi Japan Fixéierung. Den Haruomi Hosono ass eng vun de Legende vum Mac DeMarco. An "Here Comes The Cowboy" ass en eenzegen Hommage un de japanesche Musekspionéier, deen an den 80s eng exotesch Tropicalia-Western-Musek geschriwwen huet. De Mac DeMarco bleift also hie selwer, hëlt Responsabilitéite vu sengem eegene kënschtlereschen Eescht a soll och weiderhin eescht geholl ginn. "Here Comes The Cowboy" ass e wonnerbaren Disk.