Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wales huet mir vill ginn"

De Bass-Bariton Bryn Terfel

"Wales huet mir vill ginn"

De waliseschen Operesänger Bryn Terfel, eng vun deene markante Stëmmen aus eiser Zäit, war Invité vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg fir d'Ouverture vun där neier Saison. Am Gepäck hat de Sänger och eng Rëtsch walisesch Lidder, ee Land, dat dee charismatesche Kënschtler gepräägt huet.

auto_stories

2 min

"Meng stramm Gestalt, dat si meng walisesch Wuerzelen, déi ech op der Bühn net verstoppe kann", seet de Bryn Terfel. Eise Vis-à-vis ass eng impressionnant Perséinlechkeet, ee Mënsch mat enger grousser Ausstralung, een agreabelen, häerzlechen a charmante Gespréichspartner.

"Kuckt Iech mäi Gesiicht un, d'Gesiicht vun engem fréiere Rugby-Spiller. Et ass voller Narben, a meng Nues ass och net méi ganz riicht." Esou eng Figur schéngt predestinéiert ze sinn, fir déi béis Jongen op der Bühn ze spillen.

"Bad Boys" heescht ee vum Bryn Terfel sengen Albumen. "An de Rollen fir ee Bass-Bariton, do fënnt ee vrun allem elauter Däiwelen, elauter Mephistos. An ech spillen déi Rolle gären, well si een och kënschtleresch méi fuerderen, wéi vläicht een Dénger an enger Mozart-Oper."

De Sir Bryn

Zënter dem 1. Januar 2017 ass de Bryn Terfel net nëmme Commander of the British Empire, hie krut vun der Queen den Titel Sir Bryn Terfel. "Dat ass fir mech eng grouss Éier an och eng wichteg Lektioun a Bescheidenheet. D'Queen huet den Dag am Buckingham Palace ronn 80 Leit geéiert - Polizisten, Pompjeeën, Mënschen, déi mat behënnerte Kanner schaffen. Do spillt den Operesänger Bryn Terfel keng Roll! Wichteg ass d'Unerkennung fir meng Stëftung, mat där ech jonk Sänger ënnerstëtzten."

Mat där Stëftung preparéiert de Bryn Terfel och schonn eng Grëtz seng Zukunft. No 30 Joer op der Bühn verännert sech d'Stëmm, déi richteg Klangfaarwen ze fannen, ass net méi esou evident, stellt de Sänger fest.

"Mir geet et wéi engem Golfer, deen an d'Jore kënnt an ufänkt, iwwert säi Putting an Driving nozedenken. Eppes, wat ee soss aus dem Handgelenk gemaach huet."

Ee Projet läit dem Bryn Terfel awer nach um Häerz, ee Wierk, dat hie scho längst hätt wëllen opféieren: dem Franz Schubert seng "Winterreise". "Bis elo kann ech just deen éischte Vers ..." Esou Erausfuerderungen halen de Bryn Terfel bei der Aarbecht am Musekszëmmer, wat ëm och net schwéierfällt. De Bass-Bariton zitéiert säi berühmte Kolleg Hans Hotter: "Meng bescht Virstellungen hunn ech a mengem Musekszëmmer ginn!"