Jo, kéint een äntweren, wann d'Philharmonie eréischt zënter gëschter existéiere géing. Mä wann ee bedenkt, datt dës national Kulturinstitutioun, déi och international ëmmer méi un Unerkennung gewënnt, mëttlerweil zënter iwwer zéng Joer existéiert, steet d'Argument Philharmonie op zimlech wackelege Been.
Et läit an der Natur vun der Saach, datt ee Festival vun e puer Méint net mat engem professionelle Concertshaus konkurréiere kann, dat op iwwer 50 Mataarbechter zeréckgräife kann.
Net genuch Changement
An all deene Joren hätt ee beim Iechternacher Festival d'Decisioun fir eng Erneierung missen treffen. Zwar goufe verschidde Saachen ausprobéiert, wéi zum Beispill Open-Air-Manifestatiounen oder d'Trennung vun Jazz a Klassik, mä wéi et schéngt, ass dat net duer gaangen. Firwat?
Dofir lount sech e Bléck op aner Festivalen hei am Land an an der Groussregioun. Da fält nämlech op, datt der vill eng eegen Identitéit hunn. D'Rencontres Musicales de la Valée de l'Alzette proposéieren Al Musek. Musek am Syrdall bréngt lokal Museker op d'Bühn an de Mosel Musikfestival bitt Concerten an engem intime Kader op ongewéinleche Plazen. Et geet drëms eng Identitéit ze hunn, déi een net mat engem anere grousse Konkurrent deele muss.
Eng nei Identitéit ass méiglech
Bescht Beispill, datt esou eppes ëmmer nach méiglech ass, ass den A Cape'lla Festival vum Centre des Arts Pluriels zu Ettelbréck, dee viru Kuerzem a seng zweet Editioun gaangen ass. No enger Analys vun der Zeen huet ee sech am CAPE fir eng Nische decidéiert, déi soss am Land kee Festival bedéngt.
Trotzdeem ass et eng aner Saach säi Konzept z'änneren, wann et schonn zënter Joren existéiert. Dëst ass keen einfachen Exercice. Datt et awer ze maachen ass, beweist den Ament de Printemps Musical. Well den Organisateur vum Festival, de Luxembourg City Tourist Office festgestallt huet, datt sech dat kulturellt Ëmfeld an deene leschte Jore verännert huet, huet een decidéiert, sech virun der 36. Editioun ee Joer Paus ze loossen an déi eege kulturell Offer z'iwwerdenken.
E Konzept ouni Exklusivitéit
Wat war elo d'Identitéit vum Iechternacher Festival? Grouss Klassik-Staren: Yehudi Menuhin, Gidon Kremer, Dietrich Fischer-Dieskau, Yo-Yo Ma oder ganz rezent den Daniel Hope. Mä op dës Identitéit hat den Iechternacher Festival spéitstens zënter der Ouverture vun der Philharmonie keng Exklusivitéit méi.
Nei, jonk Kënschtler gi vun der Philharmonie ugezunn a mat hinnen de jonke kulturinteresséierte Publikum. An och wann de Festival nach jorelaang vu senger Renommée profitéiere konnt, ass dës Reserve elo opgebraucht.
Wat muss elo geschéien?
Datt d'Luxfestival asbl elo net méi existéiert heescht awer net, datt et kee Festival zu Iechternach méi gëtt. 2018 gëtt dëse Festival vum Trifolion organiséiert an duerno wëllt d'Gemeng Iechternach d'Manifestatioun an Zesummenaarbecht mam Trifolion iwwerhuelen. Déi nei Organisateure stinn elo also virun der grousser an decisiver Aufgab, aus dësem Festival eng Mark ze maachen, déi och an Zukunft bestoe kann.