Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Militärmusek: Méi wéi en Defilésorchester

175 Joer Militärmusek

Militärmusek: Méi wéi en Defilésorchester

Dacks gesäit een d'Militärmusek nëmme bei ëffentleche Feierlechkeeten. Dobäi ass d'Haaptaktivitéit vum Ensembel déi vun engem grousse Concertsorchester, betount den Dirigent a Majouer Jean-Claude Braun. De Stellewäert vum Orchester gëtt senger Meenung no ënnerschat.

auto_stories

3 min

Vill Leit hätten eng falsch Impressioun vun der Lëtzebuerger Militärmusek, betount den Dirigent a Majouer Jean-Claude Braun. Fir si wier den Orchester nämlech en Defilésorchester, deen nëmmen op Nationalfeierdag géif marschéieren. Zwar wier d'Militärmusek 1842 gegrënnt gi fir offiziell Zeremonien z'encadréieren, haut wier dat awer anescht. "Elo, 175 Joer méi spéit, huet sech de Militärorchester zu engem wichtege kulturelle Matspiller, souwuel national wéi och international entwéckelt", esou den Dirigent.

De Jean-Claude Braun bedauert, vill Leit géifen net wëssen, datt de Militärorchester regelméisseg géif Concerte spillen. Ronn 50 Concerten d'Joer stéingen um Programm. Eréischt de 16. Juni hätten d'Museker zesumme mat der Rock-Band "Murphy's Law" am Kader vun engem gemeinsame Projet ee grousse Concert um Knuedler gespillt.

Eppes fir Jiddereen

"Ech kenne keen Orchester, dee méi en ofwiesslungsräiche Programm a méi verschidden Ensembelen huet, wéi mir", seet de Jean-Claude Braun. Den Orchester hätt zum Beispill eng Big-Band an eng Dixie-Band.

Dem Jean-Claude Braun no gëtt vill Wäert op e "Crossover-Programm" geluecht. Et wier wichteg, datt fir jiddereen eppes derbäi wier: Vun enger flotter Ouverture iwwer ee gréissert Wierk fir den Orchester, bis hin zu Filmmusek, Musicalmusek oder Elementer aus dem Rock-, Pop- an Jazz-Beräich. "Mee e flotte Marsch dierf bei enger Militärmusek natierlech och net feelen."

Am Ausland beléift

Grad am Ausland ass d'Militärmusek als Concertsorchester bekannt a gär gesinn, seet de Jean-Claude Braun. "Den Éiergäiz, d'Preparatioun an d'Matschaffe beim Ëmsetze vu gemeinsame Projete mat Gaaschtdirgenten, externe Solisten a Komponisten gëtt extrem gelueft." 2016 ass den Orchester zum Beispill vum weltbekannten hollännesche Komponist Johan de Meij ausgewielt gi fir seng nei Kompositiounen op CD opzehuelen. Zënterhier wier d'Nofro fir un internationale Blosmuseks-Festivalen deelzehuelen grouss.

Trotzdeem wënscht sech de Jean-Claude Braun, datt d'Renommée vun der Lëtzebuerger Militärmusek national an international weider ausgebaut gëtt. Dat wier wichteg, well "keen aneren Orchester ass e bessere kulturellen Ambassadeur, wéi eis exklusiv aus Lëtzebuerger Museker zesummegesate Militärmusek."


De Manuel Ribeiro huet hannert d'Kulisse vun der Lëtzebuerger Militärmusek geluusst an interessant a spannend Gespréicher matbruecht:

De Colonel Alain Duschène verréit, wat de Militärorchester d'Joer iwwer mécht. Eppes kann ee schonn emol verroden: Den Orchester ass net nëmme fir Paraden zoustänneg.

Net nëmme fir Paraden zoustännegplay_arrow

Colonel Alain Duschène. Foto:  PIerre Matgé / LW-Achiv

Wéi funktionéiert den Orchester? Äntwerten op déi Fro ginn et an dëser Emissioun.