Radioen

On air

Notturno  |  Brennan Wedl - Fake Cowboy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Minnie Riperton - Perfect Angel: Séiss Soul Musek

Déjà-Vu Album

Minnie Riperton - Perfect Angel: Séiss Soul Musek

U sech war d'Minnie Riperton scho mat engem Fouss aus dem Museksbusiness eraus, wéi Agente vun Epic Records virun hirem Haus am Florida stounge mat engem neie Kontrakt. Et war 1973 an d'Soul-Sängerin wollt sech op hiert Familljeliewen konzentréieren. Fir hir zwee Kanner an hire Mann do sinn. De Wee zeréck zur Musek huet awer net laang op sech waarde gelooss. Der Minnie Riperton hiren zweeten Album "Perfect Angel" vun 1974 feiert dëse Mount 45 Joer. Den Jamie Reinert mat engem Iwwerbléck.

auto_stories

4 min

D'Famill a Léift sinn och déi zentral Theme vun hirem zweete Solo-Album "Perfect Angel", dee kuerz drop zu Los Angeles opgeholl gouf. Produzéiert vu kengem anere wéi dem Stevie Wonder, deen als El Toro Negro op de Credits steet. Hien huet fir den néidege Groove a Glitzer gesuergt, all Zort Tasteninstrumenter gespillt, Batterie a Mondharmonika an dobäi nach zwee Lidder komponéiert. Mee am Virdergrond stoung natierlech déi elastesch Stëmm vun der Minnie Riperton.

D'Vocal Akrobatik geet dann och schonn um éischten Titel "Reasons" un. E Stéck mat kräfteger Rock Lead-Gittar, déi der Stëmm vun der Minnie Ripperton net vill u Konkurrenz bidde kann.

Séiss progressiv Arrangementer

D'Minnie Riperton koum 1947 zu Chicago op d'Welt. Doheem ware si zu aacht Geschwëster. Hiert Talent fir ze sangen ass fréi entdeckt an ënnerstëtzt ginn. D'Musekerin gouf esouguer encouragéiert eng Carrière an der Oper anzeleeden. Schlussendlech huet Soul, Blues a Rock Musek si méi ugezunn.

An de 60er hat si d'Chance backing vocals fir Kënschtler wéi den Chuck Berry oder d'Etta James ze sangen. Niewebäi huet d'Musekerin als Receptionistin bei engem Plackelabel geschafft.

Deen éischte richtegen Erfolleg koum mat hirer Aarbecht mat der psychedelescher Soul Band "Rotary Connection", Enn de 60er. E grousse Projet mat séisse progressiven Arrangementer an engem ganz eegene Sound. D'Band stoung definitiv à part, an der Minnie Riperton hir versatil Stëmm koum gutt am bonte Mix zum Asaz.

1970 koum dunn hiren éischte Solo-Album eraus. An am August 1974 den Nofolger "Perfect Angel". Den Titel "The Edge of a Dream" ass eng geschmeideg Pianosballade. Am Häerz war d'Minnie Riperton en Hippie. Am Stéck gëtt deementspriechend e Ständchen iwwer Natur, Léift a Fräiheet gehalen.

Der Minnie Riperton hir Stëmm ass schonn aussergewéinlech. Hire Stëmmëmfang huet iwwer fënnef Oktave gereecht. Eng Stëmmlag, déi als "Koloratursopran" bezeechent gëtt. D'Minnie Riperton konnt esou bis un déi héchste Limitte vun der mënschlecher Stëmm goen. Ganz do uewen ass et dann och schwéier e Wuert beim sangen ze intonéieren. Mee d'Soulsängerin krut dat och esouguer zimlech gutt hin. D'Minnie Riperton hat wéi gesot eng Operen-Ausbildung hanner sech.

Hiren Afloss héiert ee bei Soul a Pop Divae wéi Mariah Carey, Christina Aguilera a Co. Beim Minnie Riperton kritt een allerdéngs e méi natierlecht Bild vun der Konscht ze sange gebueden. Ouni gréisser Effekter a Post-Produktioun.

Der Minnie Riperton hire gréissten Hit aus hirer Carrière ass op "Perfect Angel" vun 1974 ze fannen. Den Titel "Lovin You". E Stéck, dat aus enger Melodie entstanen ass, déi d'Musekerin hirer Duechter gesongen huet, fir hatt ze berouegen. Hir Duechter ass iwwregens déi amerikanesch Komikerin Maya Rudolph.

Kollaboratioun mam Stevie Wonder

Wéi Epic Records si 1973 signéiert huet, hat d'Minnie Riperton nëmmen een Numm am Kapp fir hir nei Scheif ze produzéieren: de Stevie Wonder. Si hat dëse schonn emol kennegeléiert während enger Tour, bei där si fir hie backing vocals gesongen huet. De Stevie Wonder war schonn interesséiert fir um Projet matzewierken, mee säi Label Motown war allerdéngs net iwwerzeegt. D'Minnie Riperton war hinnen net bekannt genuch.

Fir "Perfect Angel" un d'Rullen ze kréien huet der Minnie Riperton hire Mann a musikalesche Partner dofir eng nei Firma gegrënnt. De Stevie Wonder stoung dunn och net als Stevie Wonder, mee als "El Toro Negro" an de Credits.

De Soul Mann schéngt sech op alle Fall op dëser Plack ameséiert ze hunn. Hien huet sech op villen Instrumenter defouléiert, a seng musikalesch Begleedung setzt der Minnie Riperton hir sënnlech Stëmm elegant an Zeen. Hien huet och zwou eege Kompositiounen am Studio ëmgesat. Dorënner och den Titel Track "Perfect Angel".

Vun den ongewéinleche psychedelesche Kompositioune vu "Rotary Connection", bis hin zu hiren eegenen immens zockerege Stécker, d'Minnie Riperton huet Soul Musek an all hire Facetten exploréiert. Tëschent 1970 an 1979 huet si sechs Solo-Alben opgeholl.

Den 12. Juli 1979 ass si am Alter vun 31 Joer gestuerwen. Dräi Joer virdrun war bei hir Broschtkriibs diagnostizéiert ginn.

D'Minnie Riperton war eng engagéiert Musekerin, eng Spriecherin fir déi amerikanesch Kriibs Associatioun. Si huet hir eegen Experienzen mat der Krankheet mat ville Mënsche gedeelt.

Hir zweet Plack "Perfect Angel" vun 1974 hält en immens positiven Zäitpunkt an hirem Liewe fest, mat hirem Mann an hiren zwee Kanner. D'Freed héiert een aus der Musek eraus: an de romanteschen, heiansdo naiven Texter. Awer zemools an der Interaktioun tëschent de Museker. Notamment de Stevie Wonder, deen zesumme mat senger Wonderlove Band euphoresch de Groove setzt. An der Minnie Riperton hir emotionell Stëmm, déi sech perfekt fir romantesch Soul Balladen eegent. Ee vun de schéinste Momenter kënnt um Enn vum Titel "It's So Nice", wou d'Sängerin kuerz an hirem legendär héije Register e puer Noute séngt. E Stéck, an deem d'Minnie Riperton dann och e bësse Richtung Country geet.