Radioen

On air

Concert Euroradio  |  Mozart, Beethoven a Mahler

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ "Mir wëssen, wat mer um Quintett hunn"

D'Cornistin Amanda Kleinbart

"Mir wëssen, wat mer um Quintett hunn"

Op Virschlag vum fréieren Direkter vum radio 100,7, dem Fernand Weides, krut d'Cornistin Amanda Kleinbart 2008 den IKB Jugend-Förderpreis. Haut ass si Member vun der NDR-Elbphilharmonie a spillt am Acelga-Quintett.

auto_stories

2 min

Acelga - dat ass de spueneschen Numm vun engem Geméis - bei eis als Mangold bekannt. Fir elo do d'Kéier bei d'Musek, bei d'Originë vum Numm vum Acelga-Quintett ze kréien, ass eigentlech relativ einfach. Hanna Mangold, esou heescht d'Flüttistin vum Quintett. Si huet schonn a fréie Jore mat der Cornistin Amanda Kleinbart am Trio gespillt. D'Amanda Kleinbart ass Lëtzebuergerin, hir Mamm huet allerdéngs argentinesch Wuerzelen a Spuenesch ass hir zweet Sprooch. An esou gouf aus Mangold den Acelga-Quintett.

Zanter 2012 als Quintett

Als Studenten hu se sech 2012 zesummegedoen. Antëscht hunn d'Hanna Mangold (Flütt), de Sebastian Poyault (Hautbois), de Julius Kircher (Klarinett), d' Antonia Zimmermann (Fagott) an d'Amanda Kleinbart (Cor) fest Plazen an Orchesteren. D'Amanda Kleinbart ass Member vun der NDR-Elbphilharmonie. Déi aner Museker spillen an der Deutschen Staatsphilharmonie Rheinland-Pfalz, am Gürzenich-Orchester Köln an am Orchester vum Nationaltheater Mannheim.

Dat eenegermoosse gereegelt Aarbechtsliewe verlaangt eng grouss Flexibilitéit a vill Engagement fir d'Aktivitéite vum Quintett, besonnesch elo, wou sech och privat Munches am Liewe vun de Museker verännert huet. Kanner sinn op d'Welt komm, an d'Familljeliewe verlaangt vill Organisatiounstalent.

Dat alles mécht de Management vun de Quintett-Aktivitéiten net einfach, awer kee wëllt déi gemeinsam Zäit mëssen. "Mir wëssen, wat mer um Quintett hunn", seet d'Amanda Kleinbart. D'Léisung ass, datt den Ensemble sech fir eng konzentréiert Prouwen- a Concertsphase trëfft, wéi dat och elo de Fall ass. De 5 Museker preparéieren am Ament zu Mannheim déi nächst Serie vu Concerten.

Fest am Repertoire

D'Logistik ass wuel méi komplizéiert ginn, duerfir ass de Choix vum Repertoire fir den Acelga-Quintett iwwert d'Joren méi einfach. Déi fënnef Museker hu vill probéiert, vill experimentéiert a lues awer sécher e Gefill krut, fir Programmen, déi fonctionnéieren, déi och beim Public ukommen.

Nieft de renge Concertsprogrammer proposéiert den Acelga-Quintett och ëmmer multidisziplinär Konzepter a speziell Kannerprogrammer, déi duerch déi eege perséinlech Entwécklungen antëscht nach eng ganz aner Bedeitung kruten.

2017 huet den Acelga-Quintett seng éischt CD erausbruecht -"Bohemia" - e Programm, mat deem den Ensemble nach dacks ënnerwee ass. Selbstverständlech gëtt et och nach aner Programmen a genuch Iddie fir een zweeten Disque. Mee do wëllen déi 5 Museker nach net esou richteg mat der Sprooch eraus.