Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Musek ass d'Häerz vun der Konscht"

Raftside - Empty Star

"Musek ass d'Häerz vun der Konscht"

Raftside ass de musikalesche Projet vum Kënschtler Filip Markiewicz. Deen neien Album "Empty Star" inspiréiert sech un ale Lo-Fi-Produktioune vum Kënschtler. Allerdéngs dominéiere Synthesizeren.

auto_stories

2 min

D'Texter op "Empty Star" wieren deelweis schonn e puer Joer al an ëmmer nees iwwerschafft ginn, seet de Filip Markiewicz. Den Album wier als Reaktioun op déi weltwäit politesch a sozial Aktualitéit ze verstoen. Trotz Vibrato-Gittare verursaachen d'Texter ee méi battere Goût am Mond. Ursprénglech wier geplangt gewiescht, fir e kompletten Album an enger American-Dream-Road-Trip-Athomsphär ze produzéieren.

D'Titele "San Francisco Sun" an "Half Moon Bay" sinn no enger Vakanz a Kalifornien entstanen. Dës Titele géifen d'Geschicht vu Kalifornien a vun der Stad Sonoma opgräifen, seet de Filip Markiewicz. Awer och d'Ëmwelt géif thematiséiert ginn, zum Beispill déi extrem Dréchent an d'Hëtzt. "Dat sinn da sou kleng Luuchten, déi uginn, déi vläicht heiansdo e politescht Thema uschwätzen, heiansdo Kino. E bëssen och, wéi mir eis Kalifornien virstellen."

Graff kann een d'Musek um Album "Empty Star" dem Popgenre zouschreiwen. D'Bandbreet vun den Tracks zitt sech vum 60er-Protestsongstil, duerch d'80ies-Synthpopwelt bis an den aktuelle Pop. Verschidde Lidder si mat Fieldrecordings vu Miergeräischer ënnerluecht. Fir dëse bësse méi melancholeschen Touch ze konteren, komme Steeldrums zum Asaz. Den Album gouf iwwregens och am Summer produzéiert. Dem Philippe Markiewicz gefält dat Duebeldeitegt, an hie weess och domat ëmzegoen. An der Konscht kéint a misst ee Saache méi diffus ausdrécken.

Fir de Filip Markewicz, deen och am Beräich vun der visueller Konscht aktiv ass, ass d'Musek net mannerwäerteg am Géigesaz zu anere Konschtformen. Hie beschreift d'Musek als "Häerz vun der Konscht". E Film wier eigentlech och just e visuellt Lidd, eng Ausstellung kéint ee sech als Partitioun virstellen. "Fir mech ass iwwerall Musek dran", sou de Filip Markiewicz.


Interview mam Filip Markiewicz:

Lauschterenplay_arrow